
© André Karwath
Als Teenager huet ee jo méi dack Problemer mat Pickelen, mee och als Erwuessenen tauchen déi nach heinsdo op a sinn zimlech haartnäckeg! Ech hunn héiere wéi wa Schockela kéint doru Schold sinn, stemmt dat?
Et ass tatsächlech viru kuerzem eng hollännesch Studie rauskomm, déi weist, dass Schockela Pickelen an Akne ka verschlëmmeren.
Duerch d’Fett wahrscheinlech, nee? Schwaarze Schockela dierft jo da manner Problemer man!
Et huet näischt mam Fett ze dinn, mee mat enger Substanz déi an der Kakao-Boun ass: Flavonoiden! Déi sinn eigentlech zimlech gesond an halen eist Häerz an eise Kreeslaf a Form. Mee d’Fuerscher hunn elo entdeckt, dass d’Flavonoiden och en Impakt op eisen Imunsystem hunn. An zwar kuerbelen se Entzündungen un a verschlëmmeren doduerch Krankheete wéi Akne. Gläichzäiteg bremsen se dem Kierper seng Ofwier géint Bakterien. A well Akne nun emol eng bakteriell Infektioun ass, kann déi duerch Flavonoiden, als Schockela, verschlëmmert ginn!
Mee sinn déi Flavonoiden dann elo gudd oder schlecht?
Et hänkt wéi bei esou villem vun der Quantitéit of. Wann’s de dech gesond erniers a souwisou keng Pickelen hues, da sinn d‘Flavonoide richteg gudd! Mee wann d’Pickele scho spréissen an du ëss souwisou scho vill wäisst Brout, Nuddelen oder Séissegkeeten, dann ass et dees Gudde vläit bëssi vill.
Wäisst Brout, Nuddelen oder Séissegkeeten? Sinn do och Flavonoiden dran?
Nee nee. Mee Zocker kann och Pickele verursaachen! Wann eise Bluttzocker näämlech séier an d’Luucht geet, da kennt eisen hormonellen Haushalt bëssen an d’wackelen. An Hormonschwankunge droë jo zu Pickel bäi, sou wéi an der Pubertéit zum Beispill. D’Fettproduktioun vun den Talkdrüse geet doduerch näämlech an d’Luucht. D’Hautpore verstoppen dann an et sammele sech Bakterien dran un. An déi man da Pickelen!
Als Jugendlechen ass de Schockela also net den Haaptgrond fir Akne – dat heescht et däerf een es awer nach ouni schlecht Gewëssen iessen!
Zousätzlech Informatiounen:
Schockela enthält eng ganz Rei Substanzen, déi eiser Gesondheet kennen zegudds kommen.
Flavonoiden:
Flavonoiden ass eng riseg Grupp vu Substanzen, déi een natierlech och an aner Uebst a Geméis fënnt. Am Allgemenge schützen se eis Zelle géint Gëfter an Aggressiounen, esou wuel vu baussen (Ëmweltverschmotzung, falsch Ernierung) wéi vu bannen (Et entsti permanent Nieweprodukter an eisem Kierper, déi schiedlech fir eis kenne sinn. Mee a klénge Quantitéite gëtt eise Kierper se duerchaus meeschter). Ausserdem sollen se e positiven Impakt op eisen Häerzkreeslaf hunn an de Risiko vun Häerzinfarkter verklengeren. A wéi viru kuerzem gewise gouf, hunn se och en Afloss op eis Imunzellen.
Verschidde Flavanoide sinn Antioxydanten:
Verschidde Prozesser an eisem Kierper produzéiere sougenannte fräi Radikaler. Enner normalen Ëmstänn bekämpft eise Kierper déi mat Antioxydanten a gëtt se och meeschter. Mee wann d’fräi Radikaler d’Iwwerhand huelen, zum Beispill doduerch dass ee fëmmt, da kann et sinn dass se sech usammelen a Krankheeten ausléise wéi Kriibs oder Cholesterol. Eng extra Portioun Antioxydanten kann an deem Fall net schueden!
Verschidde Flavonoide si Flavanolen:
Flavanolen hunn haaptsächlech en Impakt op eise Kreeslaf. Si kennen eise Bluttdrock erof setzen, d’Duerchbluddung verbesseren a verhënneren, dass eis Odere sech zousetzen.
Flavanole fënnt een och a grousse Quantitéiten an der Schuel vun den Drauwen, an dofir och am roude Wäin. Dofir gëtt jo och ëmmer gesot Wäi wier gudd fir den Häerzkreeslaf!
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Traditionell Heelplanze sinn net déi eenzeg, déi an der Medezin kennen agesat ginn. Eng ganz Rei aner Planzen oder Liewensmëttel, sou wéi Schockela zum Beispill, enthalen interessant Substanzen, déi fir d’Medezin vun Interesse kéinte sinn. Duerch déi heiteg Méiglechkeeten an Techniken ass et méiglech, fir des Substanzen ze isoléieren an eenzel ënnert d’Lupp ze huelen.
Iwwer 20 Partner aus der Groussregioun Lëtzebuerg hu sech ënnert dem „Projekt CORENA-Network“zesummegedoen, fir des Substanzen ze testen an ze kucken op se sech dofir eegene fir an der Medezin als Medikament agesat ze ginn, oder an der Landwiertschaft als „gréng“ Pestiziden.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Verschidden Inhaltstoffer, déi mer an eiser Ernierung erëm fannen, droen net nëmmen dozou bäi dass mer gesond bleiwen, mee kennen och aktiv Krankheeten heelen.
Den LBMCC ( Laboratoire de Biologie Moléculaire et Cellulaire du Cancer) um Kierchbierg hellt dofir ënnert der Leedung vum Dr Marc Diederich eng ganz Rei natierlech Substanzen ënnert d’Lupp, déi se aus Planzen, wirbelloosen Mieresdéieren a Mikroorganismen extraktéieren. Duerch verschidden Technike probéieren se rauszefannen, op des Substanze géint Entzündungen oder Kriibs wierksam sinn. Esou hu si zum Beispill schonn erausfonnt, dass eng Substanz aus dem Gewierz Curcuma hëlleft, Prostatkriibs ze heelen.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto ( vum André Karwath): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f2/Chocolate.jpg/770px-Chocolate.jpg
Photovoltaics Unit : http://wwwen.uni.lu/universite/actualites/slideshow/new_findings_in_solar_cell_research
Institut fir Ophthalmologie: http://www.sciencedirect.com/science/article/pii/004269897190229X
LBMCC: http://www.lbmcc.lu/About_us_Research_topics_Natural_products.html
CORENA-Network: http://www.corena-network.eu/index.php?id=11262
Is chocolate good for your heart: http://my.clevelandclinic.org/heart/prevention/nutrition/chocolate.aspx
Quellen:
Chocolate consumption modulates cytokine production: http://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S1043466613000549
Heart an Vascular Health : http://my.clevelandclinic.org/heart/prevention/nutrition/chocolate.aspx
Wie Akne entsteht: http://www.test.de/Anti-Pickel-Mittel-Wirkung-ja-Wunder-nein-1359894-1359908/