Firwat sprëtzt de Béier aus der Fläsch wann ech drop klappen

De Mister Science huet och heirobber eng Erklärung!

Leschten Update: 26.11.2013, 11:00:40

De Brüller op all Party: ech maache wéi wann ech mat engem wéilt ustoussen, an am leschte Moment klappen ech em mat menger Fläsch uewen op seng. Resultat: de Béier sprëtzt am héije Bou aus senger Fläsch! Mee firwat??

Wann’s de uewen op eng Béierfläsch schléis, da gëtt am Hals vun der Fläsch d’Loft kuerz kompriméiert, doduerch entsteet eng Schallwell, wat näischt anescht ass wéi eng Drockwell. Des Drockwell verbreet sech duerch de Béier an d’Fläsch.

Jo, mee des Schallwell geet jo awer duerch déi zwou Fläschen, oder?

Jo, mam Ënnerscheed datt d‘Fläsch uewen op ass an d’Schallwelle kennen no uewe verschwannen! Bei der ënneschter Fläsch ginn d’Welle vun uewe bis rof op de Buedem. Do ginn d’Wellen da rëm reflektéiert, also zréckgeschéckt. Dat geet zimlech séier, an du hues also Schallwellen an zwou Richtungen.

A wat geschitt wann déi zwou sech begéinen?

Ma eng Well geet jo sou op an of. Wa sech e Maximum an e Minimum vun enger Well begéinen, da gläichen déi zwee sech aus. Wa sech awer zwee Maxima begéinen, da gëtt d’Well do duebel esou héich! Dat selwecht gëllt fir zwee Minima. A wann d‘Well duebel esou héich ass, dann ass den Drock do och duebel esou héich, respektiv op aner Plazen duebel esou niddereg. Dat heescht den Drock schwankt extrem staark op enger Plaz an der Fläsch, an dat féiert dozou datt déi ganz Kuelesaier mat engem Koup erausgeet...

... a scho spruddelt et am héije Bou! Ass jo eigentlech e witzegen Trick, just Schued dass d’Béierfläsch duerno hallef eidel ass! L

 

 

Firwat sprëtzt de Béier aus der Fläsch wann ech dr

 Zousätzlech Informatiounen:

Firwat mécht Béier iwwerhaapt esouvill Schaum?

Et ka jo net eleng d’Kuelesaier sinn, déi de Béier schaimen deet. Soss miisst Spruddelwaasser jo och eng Kroun hunn, grad esou wéi de Béier. Mee aner spruddeleg Gedrénks schaimt jo just während dem schëdden, an duerno verschwënnt de Schaum direkt.

Béier besteet jo aus Malz, Happ a Waasser. Den Happ enthält eng Substanz , den Humulon, déi Schaum bilde kann. Et ass ee vun de Batterstoffer, déi dem Béier säi charakteristesche Geschmaach ginn. Ausserdem verhënnert en d’Ausbreedung vu Bakterien a kann also souwuel als Anti-inflammatoire benotzt gi wéi als Konservéierungsstoff.

IPA

IPA (Indian Pale Ale) ass eng englesch Béierzort, déi besonnesch vill Happ enthält. Den englesche Béier huet sech näämlech net laang genuch gehal, fir während der Koloniséierung bis an Indien exportéiert ze ginn. D’Englänner an Indien wollten awer net op hire Béier verzichten, an dofir ass an England extra Béier mat vill Happ als Konservéierungsstoff gebraut ginn, fir dass e sech um Schëff während der laanger Rees bis an Indie giff halen. Obwuel d’Konservéierung während dem Export hautesdaags keen Thema méi ass, ass IPA ëmmer nach eng beléifte Béierzort.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Happ als Medezin!

D’medezinesch Eegeschafte vum Happ si scho säit Jordausende bekannt. Den Happ schützt zum Beispill viru Bakterien a Viren, veréngert de Risiko fir verschidde Kriibsarten, bremst Entzündungen, schützt virun Häerzkreeslaafkrankheeten an Diabetis, stäerkt den Imunsystem an hëlleft der Verdauung.

D’europäesch Associatioun vun de Braumeeschter huet dofir e Buch erausbruecht, wou se déi leschte wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwert den Impakt vum Béier ( a verstännege Quantitéiten) op eis Gesondheet erklären. Si ginn esou wuel op déi verschidden Inhaltstoffer an hir Wierkungen an, wéi och op déi genee Mechanismen an den Zellen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Duerch eise Liewensstil änneren eis Iessgewunnechte sech déi ganzen Zäit. Mir iessen am Grousse ganze manner frësch Produkter, a méi fäerdeg preparéiert Produkter a méi spruddelegt Gedrénks. Doduerch iesse mer vill Kalorien a wéineg Nährwäerter. D’Resultat sinn Häerzkreeslaafkrankheeten, Iwwergewiicht an aner chronesch Krankheeten.

Dofir hellt d’Departement „Nutrition and Toxicology“ vum CRP Lippmann eis Iessgewunnechten ënnert d’Lupp a probéiert besser ze verstoe wéien Impakt d’Ernierung op eis Gesondheet huet, wéieng Nährstoffer wichteg sinn, grad esou wéi den Impakt vun Ëmweltverschmotzung (Nanopartikelen am Waasser), Pestiziden, Antibiotiken (am Fleesch) a Krankheeten (Mildiou bei de Planzen, Mycotoxinen bei den Déieren) op eis Liewensmëttel, an domat och op eis!

Texte & Recherches: Corinne Kroemmer

 

Linken :

Foto  ( vum Stefan Krause): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/20/Grolsch_Beer_Bottles.jpg/800px-Grolsch_Beer_Bottles.jpg

Lupulon and Humulon – antibiotic constituents of hops: http://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC438924/

Physiologische Eigenschaften von Hopfen, Seite 11 : http://www.lfl.bayern.de/ipz/hopfen/23989/hopfeninhaltsstoffe.pdf

Nutrition and Toxicology: http://www.innovation.public.lu/en/collaborations/trouver-partenaires/sciences-vie-sante-biotechnologie/environment-and-agro-biotechnologies-eva/nutrition-and-toxicology/

The Benefits of Moderate Beer Consumption: http://www.berariiromaniei.ro/en/comunicate/The_Benefits%20_of_Moderate%20_Beer_Consumption-2nd_Edition.pdf

 

 

Quellen:

Allerlei ums tägliche Bierflaschenöffnen: http://www.chemieunterricht.de/dc2/tip/01_01.htm

Wieso schäumt Bier über : http://www.n-tv.de/wissen/frageantwort/Wieso-schaeumt-das-Bier-ueber-article4675196.html

 

 

 

 

Links