
Soulaang d’Waasser eleng kacht, blubbert et zwar wéi well, mä et et bleift am Dëppen! An esou bal ech d’Nuddelen drageheien, schaimt d’Waasser iwwer an ech hunn déi gréisste Sauerei. Wéi man d’Nuddelen dat??
Nuddele bestinn aus Schmull, Eeër a Waasser! Do sinn also zimlech vill Proteinen dran, an déi man eppes ähnleches mam Waasser wéi zum Beispill Spüli. Duerch d’Proteinen kennen déi eenzel Waasserdeelercher sech net méi uneneen unhalen. D’Struktur vum Waasser fält also wéi e Kaartenhaus a sech zesummen an da kann et och keng Drëpse méi bilden. Dat gesäis de gutt wann’s de Nuddelwaasser sabbels. Dat mécht keng schéi ronn Drëpsen, mä ganz platt Pill!
Ok, mä firwat kacht et dann iwwer?
Ma doduerch dass dem Waasser seng Struktur zesummefält, kenne sech elo duerch d’Beweegung vum Kache ganz dënn Schichte Waasser vun der Uewerfläch léisen a Bulle formen. A wa genuch Bullen do sinn, da bilt sech ebe Schaum. A wann et zevill schaimt, da klemmt de Schaum aus dem Dëppen an et gëtt Sauerei!
Jo, awer nëmme wann den Deckel drop ass!
Jo, dee verhënnert, dass d’ Schaumblose platzen. Sou eng Blos besteet jo just aus enger dënner Schicht Waasser, an déi verdämpt séier. D’Blos platzt dann natierlech. Mee wann den Deckel um Dëppen ass, da bleift d’ganz Fiichtegkeet jo am Dëppen, dofir platzen d’Blosen dann net esou séier. Ausserdeem si jo och nach vill Kuelenhydrater an den Nuddelen. Dofir ass d’ Nuddelwaasser méi déckflësseg an d’Blosen méi stabil!
OK wann et schaimt, da séier den Deckel erof a blose fir datt d’Waasser am Schaum verdämpt. Weider Tricke verréits de eis wéi ëmmer op eldo.lu an op science.lu.
Zousätzlech Informatiounen
Uewerflächespannung vum Waasser
D’Waasser besteet aus lauter klengen Deelercher, déi all mateneen a Kontakt sinn an ënnereneen interagéieren. Op der Uewerfläch kennen se jo awer nëmme mat deenen niewendrun oder ënnendrënner interagéieren, dofir bilden déi Deelercher eng Art Film, dee méi oder manner stabil ka sinn! Sou ähnlech wéi d’Haut um Pudding! An et ass déi Stabilitéit, déi een Uewerflächespannung nennt. Et ass iwwregens och wéinst der Uewerflächespannung dass verschidden Insekte kennen um Waasser lafen! Well se liicht genuch sinn an hir Féiss de Film op der Uewerfläch net futti man!
Drock an Temperatur
D’Waasser huet als physikalesch Eegeschaft dass seng Uewerflächespannung vun der Temperatur an dem Drock ofhänkt. Bei purem Waasser hëlt d’Spannung of, wann d’Temperatur an/oder den Drock an d’Luucht geet/ginn. Dofir schaimt d’Waasser och am meeschten, wann ech d’Nuddelen a kachend Waasser geheien. Bei wootlechem Waasser geschitt net vill, well d’Uewerflächespannung dann nach ze héich ass fir Schaum ze bilden. Dat selwecht gëllt fir den Drock! Wann ech den Deckel op d’Dëppe mat den Nuddelen man, kacht d’Waasser méi séier iwwer, well d’Spannung da méi kleng ass, an de Schaum sech gudd bilde kann. Soubal ech den Deckel erof huele verflitt de Waasserdamp am Dëppen an den Drock fält. D’Uewerflächespannung hellt also rëm bäi an et kennt manner Schaum dobäi!
Ueleg
Ueleg huet en Afloss op d’Uewerflächespannung well e sech um Waasser ausbreet. Sou ginn d’Waasserdeelercher getrennt, an de Film, deen d’Uewerflächespannung ausmécht, gëtt ënnerbrach. Et gi beim Kachen also manner Stécker Waasserfilm vun der Uewerfläch gerappt, an et bilt sech dann och manner Schaum. A soubal eng Schaumblos mam Ueleg a Kontakt kennt, platzt se!
Ueleg ass also eng gudd Method fir ze verhënneren dass d’Nuddelen sou séier iwwerkachen. Trotzdem giff e gudde Kach engem dovun ofroden, well den Ueleg beim Ofschëdden un den Nuddelen hänke bleift an se mat engem dënnen Uelegfilm iwwerzitt. An da bleift d’Zooss net méi gudd drun hänken an d’Nuddelen schmaache manner lecker!
Salz
Salz a klenge Konzentratioune verännert d’Uewerflächespannung zwar net, mä huet trotzdem en Impakt op d’Eegeschafte vum Waasser. Am Wanter gëtt Salz gestreet, fir de Gefréierpunkt vum Waasser ze verréngeren fir Glatäis ze verhënneren. Komescherweis ass den Afloss vum Salz op de Kachpunkt awer genee ëmgedréint, an zwar gëtt dee méi héich! Kachend Salzwaasser huet also méi wéi 100°C, d’Nuddele missten also méi séier mëll ginn!
An der Kichen hëlleft déi Eegeschaft vum Waasser engem awer net vill, well de Kachpunkt vum Waasser mat engem Téiläffel Salz just 0,5°C an d’Luucht geet, an dat mécht beim Kachen nu wierklech keen Ënnerscheed! Et ass trotzdem schuet wann een d’Salz vergësst, da schmaachen d’Nuddelen nämlech net esou gutt!
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Et giff een et vläit net mengen, mä d’Uewerflächespannung vum Waasser ass liewenswichteg, net nëmme fir eis, mä och fir d’Planzen! D’Beem kréien hier Nährstoffer jo aus dem Buedem, a mussen déi bis erop an d’Blieder beförderen. Iwwert d’Blieder verléieren d’Beem en Deel Waasser, wat einfach verdämpt. Doduerch entsteet e Vakuum uewen am Bam, an d’Waasser ka wéinst senger Struktur erop gesaugt ginn.
Dee Mechanisem hänkt awer vu ville Saachen of a funktionéiert nëmmen an de richtege Konditiounen. Fir dee Mechanisem besser ze verstoen, grad esou wéi d’Aufgab vum Waasser a senge physikaleschen Eegeschaften, beschäftege vill Botaniker sech mat dëser Problematik. Dofir sammelt a publizéiert „Treesearch“, eng Initiativ vum „US Forest Service“, all wëssenschaftlech Resultater aus dësem Gebitt!
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Waasser ass awer net dat eenzegt Material, deem seng physikalesch Eegeschafte sech je no Situatioun kenne veränneren. Dat gëllt och fir vill Saachen, déi mir déi ganzen Zäit gebrauchen, wéi zum Beispill Faarf, Shampoing a Yoghurt! Well dat jo scho Mëschunge vu Material sinn, ass et net ëmmer einfach fir d’Fuerscher fir ze wësse wéi des Substanzen a bestëmmte Situatioune wäerte reagéieren.
Eng Equipe vu Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg beschäftege sech dofir ënnert der Leedung vum Tania Schilling mat Simulatiounen um Computer, fir d’Verhale vu verschiddene Flëssegkeete besser ze verstoen!
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto ( vum cyclonebill):
Cooking Index: http://www.cookingindex.com/info/18/features/how-to-cook-pasta-properly.htm
The Engineering ToolBox: http://www.engineeringtoolbox.com/surface-tension-d_962.html
Boiling point elevation: http://www.chem.purdue.edu/gchelp/solutions/eboil.html
Thoery of Soft Condensed Matter Physics: http://wwwen.uni.lu/recherche/fstc/theory_of_soft_condensed_matter_physics
Research and Development Treesearch: http://www.treesearch.fs.fed.us/about/
Quellen:
Detergents, soaps and surface tension: http://www.nuffieldfoundation.org/practical-chemistry/detergents-soaps-and-surface-tension
Soap bubbles: http://www.exploratorium.edu/ronh/bubbles/soap.html