
Mir gi scho säit Woche mat Walprogrammer, Spëtzekandidaten an Deputéierte bombardéiert. Do verléiert ee liicht den Iwwerbléck. Kenne mer dann einfach drop vertrauen dass eise Walsystem gerecht ass?
Ziel vun engem Walsystem ass et jo, dass deen d’Muecht kritt, dee vum Vollek déi gréissten Ënnerstëtzung huet. An deem Sënn léist sech iwwert deng Fro streiden. Vill Leit si sech dees net ëmmer bewosst, mee mir kennen eise Premier jo guer net wielen! An d’Ministeren och net! An dat si jo awer déi, déi di meeschte Muecht hunn!
Dees war ech mer elo och net bewosst....mä ween wiele mir dann?
Mir wiele just d’Parlament! Deen Deel vun eisem Walsystem, deen ass gerecht! Mir wielen nämlech op direktem Wee déi Leit an d’Parlament, déi mer wëllen! Hir Aufgab ass et da fir eis Regierung op d’Been ze setzen, fir d’Ministermandater ze verdeelen an e Premier erauszesichen! Mee do hu mir keen Afloss drop, do kënne se eigentlech ma wat se wëllen!
Ma firwat ännere mer eise System dann net a wielen och eise Premier? Wéi an Amerika zum Beispill?
Du kanns net einfach e Walsystem „copy/paste“ zu Lëtzebuerg uwennen. Op e Walsystem an engem Land funktionéiert oder net, hänkt vun immens ville Saachen of. Do zerbrieche Psychologe sech de Kapp driwwer, wéi d’Leit eng Decisioun huelen a wat se konkret beaflosst. D’ Walfuerscher probéieren dorops hin eis Walsystemer ze verbesseren. D’Gréisst vum Land, d’Zuel vun den Awunner, de politesche System, a virun allem och d’Kultur an d’Traditioun, si Saachen déi ee richteg muss aschätzen an an de Walsystem integréieren!
E perfekte System schéngt et da jo iwwerhaapt nach net ze ginn, mee d’Fuerscher schaffen drun. T’ass alt dat!
Zousätzlech Informatiounen:
Koalitioun
Et kennt éischter seele vir, dass bei eis eng Partei am Parlament d’absolut Majoritéit huet an eleng d‘Regierung bilt. Normalerweis musse verschidde Parteien eng Koalitioun bilde fir zesummen d’Majoritéit ze hunn. Meeschtens ass dat déi Partei, déi am meeschten Deputéierten am Parlament huet an eng zweet Partei, déi vun der Ideologie a politescher Orientéierung gutt dobäi passt. Déi zwou Parteien deelen dann d’ Ministermandater ënnert sech op.
Och wa mir weder d’Regierung nach d’Ministeren an de Premier wielen, mussen d’Membere vun der Regierung dem Parlament Ried an Äntwert stoen. Op des Manéier kontrolléiert d’Parlament wat d’Regierung sou ëmrappt a kann och agräifen an hinnen de Budget sträiche wa si fannen dass d’Regierung net am Sënn vum Wieler handelt!
Auslännesch Walsystemer:
Et ass net einfach, fir Walsystemer mateneen ze vergläichen. A verschiddene Länner wielt ee just d’Parlament, sou wéi bei eis, an Däitschland oder an England, an an aner Länner, wéi Frankräich an Amerika, wielt een d’Parlament an de President! Et muss een also oppassen, dass een net Äppel a Biere matenee vergläicht! An deene Länner, wou d’Leit de President direkt wielen (oder duerch Représentanten), huet de President och vill méi Muecht! Mee opgepasst, och wann dee System engem vläit op den éischte Bléck méi gerecht schéngt, funktionéiert en an der Praxis net ëmmer! Do kann et nämlech virkommen, dass de President an de Senat Konkurrenzparteie sinn a sech géigesäiteg Steng an de Wee leeën!
Et ginn och grouss Ënnerscheeder an der Art a Weis wéi Walcampagnen ofgehal, respektiv finanzéiert ginn. A verschiddene Länner ginn et do keng Limitten, soudatt dee Kandidat mat de meeschte Suen e kloere Virdeel huet. An aner Länner ass dat méi geregelt, soudatt all d’Kandidaten déi selwecht Méiglechkeeten hunn.
England
Dat ass wuel dee System, dee mat eisem am meeschte gemeinsam huet well se och eng Monarchie an eng Demokratie hunn. Och bei hinne fënnt een d’Parlament (Chamber of Commons) an de Staatsrot (Chamber of Lords) erëm. Et sinn am Fong d’Englänner, déi dee System erfonnt hunn, mä an der Tëschenzäit ass en e bësse veraltert. De Lëtzebuerger System ass méi eng modern Variant!
An Däitschland wielt een och just de Bundestag, an déi wielen dann de Bundeskanzler. Bei hinnen huet een awer just 2 Stëmmen! Eng fir eng Partei ze wielen an eng, fir en eenzelne Kandidat ze wielen. Dee Kandidat mat de meeschte Stëmme kritt en direkt Mandat fir an de Bundestag!
Dat klengt zwar einfach, ass awer an der Praxis ganz komplizéiert! Well d’Land esou grouss ass, ass et a kleng Bezierker opgedeelt ass. Sou kennt et vir, dass an engem Bezierk dee Kandidat, deen déi meeschte Stëmmen huet an esou en direkt Mandat kritt, net onbedéngt zu der Partei mat de meeschte Stëmme gehéiert. Sou dass d’Saach mat der Sëtz, déi all Partei aus all Bezierk herno am Bundestag ze gutt huet, net méi opgeet. Dofir sinn nei Sëtzer geschaf ginn, déi dat Ongläichgewiicht erëm auszegläichen!
A Frankräich wielen d’Leit de President op direktem Wee. D’Wale fir de Senat si ganz onofhängeg!
Beim éischten Tour stinn all d’Kandidaten op der Lëscht. Mee nëmmen déi 2 mat de meeschte Stëmme kommen an den zweeten Tour! An deen, deen dann d’Majoritéit huet, dee gëtt President! Mee opgepasst! Jee no politescher Orientéierung sinn et net ëmmer déi zwee éischt, déi déi gréissten Ënnerstëtzung vum Vollek hunn!
Huele mer un, eis 4 bescht Kandidaten am éischten Tour wieren der Rei no de Jean-Claude Juncker (CSV), den Etienne Schneider (LSAP), de Xavier Bettel (DP) an de François Bausch (déi Gréng). De Jean-Claude Junker an den Etienne Schneider kéime jo dann an den zweeten entscheedenden Tour. Mee déi, déi de Kleesche gewielt hunn, hätten awer vläit léiwer de Xavier Bettel als President wéi de Jean-Claude Juncker oder den Etienne Schneider. De Xavier Bettel hätt déi Stëmmen da méi (wann de Kleeschen net als Kandidat dobäi gewiescht wier, dann hätten déi Leit fir de Xavier Bettel gestëmmt), a giff den Etienne Schneider iwwerhuelen. Laut dem Vollek sengem Wëlle wier et also de Jean-Claude Juncker an de Xavier Bettel ( an net den Etienne Schneider), deen an den zweeten Tour giff kommen!
Dee Problem huet a Frankräich scho méi wéi eng Kéier zu heftegen Diskussiounen an Enttäuschunge gefouert!
An Amerika gëtt de President och net direkt gewielt, mä all Staat wielt eng Rei Walmänner, sougenannte Représentanten, déi herno fir d’Vollek bei de Presidentewalen dobäi sinn!
D’Zuel vun de Walmänner, déi all Staat kann an d’Wale schécken, hänkt vun der Bevëlkerung of! Mee et sinn der awer ëmmer op mannst 3! E Staat mat wéinegen Awunner huet also ëmmer 3 Walmänner, och wann en eigentlech just en hallwen ze gutt hätt. Wéi esou dacks sinn déi kleng Staaten also iwwerrepresentéiert. E Walmann aus Kalifornien huet also vill méi Wieler hannert sech, wéi e Walmann aus engem klenge Staat wéi Montana. An trotzdem hunn deenen 2 Walmänner hier Stëmm herno d’selwecht vill Gewiicht, obwuel deen een méi eng grouss Ënnerstëtzung vum Vollek huet, ewéi deen aner!
Si hunn och eng „the winner takes it all“-Astellung, sou dass fir all Staat entweder déi demokratesch ODER déi republikanesch Walmänner wiele ginn, jee nodeem ween d’Wale gewonn huet. Sou kann et virkommen, dass d’Demokraten zum Beispill a 24 Staaten d’Wale mat 90% vun de Stëmme gewannen, an a 26 Staate knapp mat 49% verléieren, da verléieren se d’ Gesamtwalen, obwuel se am meeschte Stëmmen haten!
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Net nëmme während de Walen, mä och an eisem Alldag musse mer permanent Entscheedungen huelen oder e Choix man an dobäi bleiwen. Wéi oder firwat mer eng bestëmmten Entscheedung huelen, huet net nëmmen en Impakt op d‘Walen, mä och op d’Economie (Firwat kafe mer dëse Produkt an net en aner? Firwat investéieren ech meng Suen esou an net anescht?) an eis Gesellschaft (Firwat falen ech engem an de Réck? Firwat hëllefen ech deem engen an net deem aner?).
Op der Uni vu Bristol befaassen eng ganz Rei Fuerscher aus verschiddene Gebitter sech mat esou Froen. Psychologen, Mathematiker, Neurowëssenschaftler, Biologen a Computerwëssenschaftler schaffen Hand an Hand fir besser ze verstoe wéi eist Ëmfeld eis ka beaflossen, wat eis motivéiert fir eng Entscheedung ze huelen a wat mer eis dovun erwaarden.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Op der Uni Lëtzebuerg gëtt sech och mat dësem Thema beschäftegt! Wa mäin Ëmfeld en Afloss op meng Entscheedungen huet, da muss jo och iergendeppes a mengem Kierper ausgeléist gi wat zu där Entscheedung féiert.
De Stefan Sütterlin aus der Unitéit „INSIDE“ hëlt genee dat ënnert d’Lupp. Hie kuckt wéien Impakt Stress op eise Kreeslaf huet, a wéi Ännerunge vum Kreeslaf eis Art a Weis fir eng Entscheedung ze huele ka beaflossen.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto (vum Alexander Hauk Bayernachrichten.de): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/30/Wahlen_3.jpg/800px-Wahlen_3.jpg
Complicated yet fair: Germany’s voting system: http://www.spiegel.de/international/germany/german-election-system-explained-a-923243.html
US voting system : how does it work : http://www.telegraph.co.uk/news/worldnews/us-election/9480396/US-Election-guide-how-does-the-election-work.html
Spektrum der Wissenschaft – Wer wird Präsident? http://www.wissenschaft-online.de/statisch/praesident.php
Decision-making Research University of Bristol: http://www.bris.ac.uk/decisions-research/
Stefan Sütterlin Université du Luxembourg : http://wwwen.uni.lu/research/flshase/inside/people/stefan_suetterlin
Quellen:
Wahlsystem in Luxembourg, ein Gedankenexperiment: http://www.merissehovic.eu/letzebuerg/wahlsystem-in-luxemburg-ein-gedankenexperiment/
Site officiel des élections au Luxembourg : http://www.elections.public.lu/fr/index.html