Mister ScienceHëlleft eng Drëpp géint Keelt?

Wann et engem kal ass, hëlleft eng Drëpp, seet de Volleksmond. Stëmmt dat wierklech?

Leschten Update: 07.12.2017, 16:27:15

Mr. Science, elo kennt jo esou lues erëm déi kal Joreszäit. Fir virzesuergen hunn ech mir mol mäi Flachmann mat enger Drëpp gefëllt. Wann ech dann erëm mol esou richteg fréieren, kann ech mech mat enger Schlupp opwiermen.

Sou gutt dat vläit deed - dat solls de léiwer si loossen. Dass Alkohol wiermt, ass nämlech Fake News, en Gerücht, dat net stemmt, mee net auszerotten ass.

Wisou stemmt dat dann net?

Alkohol huet verschidde Wierkungen op eise Kierper. Enner anerem, suergt en dofir, dass sech ënnert der Haut d’Oderen ausdehnen. Duerch sie stréimt da méi Blutt. Dat fillt sech zwar sou un wéi wann et dir méi waarm gëtt, mee a Wierklechkeet gëtt d’Blutt dann zousätzlech Kierperwäermt un d’Emgéigend erof.

Dat heescht, ech ginn net waarm, mee verléieren Hëtzt?

Genausou ass et! D’Hëtzt gëtt dengen ënneren Organer wéi Liewer, Mëlz, Häerz entzunn. Genee dat probéiert däi Kierper ze verhënneren, wann der kal ass: En setzt d’Duerchbluddung ënnert der Haut erof, fir d’Hëtzt bannen dran ze halen. Dëse schützenden Effekt mëschs de mat Alkohol futti.

An wat kann da geschéien?

Naja, bei enger Schlupp erleits de keng gréisser kierperlech Schied. Mee Mënschen, déi stark ugedronk a grouss Keelt geroden, kennen erfréieren, ouni dass se et mierken.

Mee: Alkohol hëlleft a munche Fäll och géint Keelt. Allerdéngs nëmmen, wanns de Industriealkohol beispillsweis an d’Killwaasser vun dengem Auto kipps. Do setzt en de Gefréierpunkt vun der Flëssegkeet erof – an de Kühler platzt net duerch Gefréieren.