Mister Science Firwat gi Geldschäiner beim Wäschen net futti?

Wann een net oppasst, ka séier emol ee Schäin an d’Wäschmaschinn geroden. Mee d‘Wäschen iwwersteet de Schäin an der Reegel ouni Problem. Wouru läit dat?

Leschten Update: 08.05.2019, 09:30:08

© Pexels

An e puer Deeg kommen déi nei 100 an 200 Schäiner eraus. Dohier koum och dës Fro eran. Mir ass och scho mol passéiert datt ech e Schäin séier an d’Täsch gestach hunn a virun der Wäsch vergiess hat  en erauszehuelen – an Uff e war duerno net futti – Firwat eigentlech?

Et nennt ee Geldschäiner och Pabeiergeld – mee d’Material vun de Schäiner ënnerscheet sech däitlech vu gewéinlechem Pabeier, wéi et ënner anerem fir Zeitungen oder Buchsäite benotzt gëtt. D‘Matière vu Geldschäiner besteet net aus Holzfaseren, mee aus Cotton. Et gläicht also éischter der Matière Première  vun T-Shirten a Jeansboxen. Eng Wäsch an der Maschinn kann hinnen dowéinst normalerweis net schueden. Nëmme wann d’Wäschtemperatur ze héich ass gi sinn an – wéi en sensibelt Kleedungsstéck.

 

Da komme Geldschäiner aus der Stoftfabrick?

Nee. D‘Matière ass zwar déi selwecht, mee d’Cotton-Fasere fir Geldschäiner ginn op divers a komplizéiert Aart a Weis weiderveraarbecht: zum Beispill gi se beschicht a mat verschiddene Sécherheetselementer verbonne fir de Kopéierschutz. Déi genee Zesummesetzung vu Geldschäin-Pabeier ass geheim. An nëmmen ëm déi 30 Betriber weltwäit stelle Schäiner hier.

 

Ginn och aner Materialie benotzt?

Net iwwerall op der Welt gesi Geldschäiner esou aus a fillen sech sou u wéi a Lëtzebuerg an am Euroraum. A verschiddene Länner bestinn si deelweis aus Plastik – zum Beispill an Australien, Neiséiland, Kanada a Rumänien. Och a Groussbritannien si säit 2016 nei 5-Pond-Schäiner am Ëmlaf, déi aus engem Polyester-Material bestinn.

 

Wéi eng Virdeeler hu Schäiner aus Plastik?

Si gëllen als nach méi schwéier ze fälsche wéi Cotton-Schäiner. Mee: Eng Wäsch halen se net sou gutt aus.

Lauschtert Iech hei de Reportage un:

Links