Mister ScienceFirwat hu munch Leit Talenter an anerer net?

Entscheeden eis Genen, ob mir een Talent fir eppes hunn?

Leschten Update: 22.05.2019, 08:33:02

© Pexels

Mr. Science, munch Leit sinn exzeptionell gutt an enger Saach. De Mozart zum Beispill war richteg talentéiert an huet scho ganz fréi mam Komponéieren ugefaangen. Aner Mënschen dogéint schénge guer keng besonnesch Talenter ze hunn. Firwat sinn Talenter sou ongläich verdeelt?

Ob Talenter ongläich verdeelt sinn, weess ee guer net esou genee – vill Talenter bleiwen nämlech onentdeckt. Fuerscher ginn haut dovun aus, datt d’Talent fir bestëmmte Fäegkeete schonn an de Gene leien. Mee Genen eleng ginn net duer. Een Talent muss erkannt a gefuerdert ginn.

 

Also war de Mozart keen Naturtalent?

Dach, bestëmmt souguer. Mee säi besonnescht Talent ass fréi erkannt a gefuerdert ginn. Hie huet als Kand schonn enorm vill missen üben. Elteren a Schoule spillen also eng ganz wichteg Roll. An natierlech d’Motivatioun – Übe mécht jo net ëmmer Spaass.

 

Wéi laang muss een dann üben, fir säin Talent ze entfalen?

Als Fauschtreegel nenne Psychologen haut mindestens 10.000 Trainingsstonnen. Dat sinn zéng Joer laang all Dag mindestens dräi Stonnen üben! Eng Studie ënner Museksstudenten huet gewisen, datt sech Spëtzegéigner nëmmen an engem eenzege Punkt vu mëttelméissege Géigner ënnerscheeden. Si hu vill méi geüübt, an zwar vu Kandheet un.

 

Aha, wéi een am däitsche seet: Ohne Fleiß keinen Preis .

Genee. E Gebitt dat sech „Kognitiounsfuerschung“ nennt, kann dat och gutt erklären: Egal ob beim Schachspill, am Sport oder der Musek: Nëmme wien ganz vill trainéiert, packt et, komplex Entscheedungen ze treffen, ouni nozedenken oder komplizéiert Beweegungen an Handlunge quasi automatesch auszeféieren. Dës Routine kreéiert dann de geeschtege Fräiraum, däitlech méi ze leeschten, wéi normal Mënschen.

 

A wéi erkennen ech, ob ech oder meng Kanner een Talent hunn?

Probéier vill Aktivitéiten aus, da mierks Du, wat Dir oder Dengem Kand liicht fält a Freed mécht. Villäicht stécht jo och an Dir ee klenge Mozart.

Lauschtert Iech hei de Reportage un:

 

Links