Mister ScienceWat ass eigentlech Cellulite? A wéi gëtt ee se lass?

Wouhier kommen dës Dellen un den Uewerschenkelen a wat kann een dogéint maachen?

Leschten Update: 05.06.2019, 14:50:13

© Pexels

Mr. Science, et gëtt Summer a wann een de Fraen-Zäitschrëfte gleeft, da gëtt et elo näischt méi Wichteges wéi Regimm an Anti-Cellulite-Crèmen. Mee kritt een déi kleng Dellen un den Uewerschenkelen iwwerhaapt ewech? A wat ass dat iwwerhaapt, Cellulite?

Cellulite ass effektiv ee richtegt Fraenthema – a bei menge Recherche ass eppes kloer erauskomm: Fortcrèmë léisst sech Cellulite net. Déi Dellen entstinn, wann sech Fettzelle fëllen a vun ënne géint d’Haut drécken. Bal all Fra kritt iergendwann Cellulite – souguer déi ganz schlank a supersportlech. Schold dorun ass de weiblecht Ënnerhautfetttissu. Deen ass nämlech vill méi mëll wéi bei de Männer.

 

Wëlls de soen, datt de Fetttissu bei Fraen anescht opgebaut ass?

Jo, méi genee gesot d’Bindegewebe. Dat ass duerchzu vu Kollagenfaseren, déi eis Haut mat der Muskulatur dorënner verbannen. Do tëscht leie Fettzellen. Bei Männer sinn déi Fasere staark a lafe Kräiz a Quier duerch den Tissu. Si bilden ee fest Netz. Bei Frae verlafen déi meescht Fasere senkrecht vun der Haut bis bei d’Muskelen an et gëtt nëmme wéineg Queeschverstriewungen, déi d’Fettzellen a Schach hale kënnen. A wann déi nach gutt gefëllt sinn, drécken si vun ënne géint d’Haut.

 

An dat ass bei all Fraen esou?

Jo, dat weiblecht Hormon Östrogen suergt dofir, dass d’Kollagenfasere vu Frae méi schwaach sinn. Sou bleift d’Bindegewebe och an der Schwangerschaft dehnbar a ka séier Fetter a Waasser aleeën.

 

Also kann een absolut näischt géint dës Dellen maachen?

Nee. Et kann een se just a Schach hale mat deenen typesche Rotschléi: Sport, eng ausgeglachen Ernärung, vill Waasser a Massagen. All dat hëlleft bei der Duerchbluddung, baut Muskelen op an hëlleft beim Fettofbau. Dës Tipps sinn iwwregens net nëmme gutt géint Cellulite.

Lauschtert Iech hei de Reportage un:

Links