Mister ScienceFirwat gi blond Hoer vun der Sonn méi hell a schwaarzer net?

No enger Vakanz also wann een dacks an der Sonn ass, wierke blond Hoer méi hell – schwaarz Hoer awer net. Wouru läit dat?

Leschten Update: 19.06.2019, 11:00:02

Mr. Science, wann een aus enger Summervakanz erëm kënnt, wierken d’Hoer dacks méi hell wéi virun der Vakanz. Mee dat betrëfft nëmme blond Leit – Leit mat schwaarzen Hoer dogéint net. Firwat?

Fir dat ze verstoen, muss een sech e bësse mat der Chimie vum Kapp befaassen. A mënschlechen Hoer si gewësse Pigmenter dran, sougenannte Melaniner. Dës komplizéiert chemesch Substanzen, déi an den Hoerwuerzelen entstinn, ginn den Hoer – mee och der Haut an den Aan– hir Faarf. An den Hoer ass d’Zesummespill vun zwee ënnerschiddleche Melaniner fir d’Faarf verantwortlech: den Eumelanin an de Phäomelanin. Jee nodeem, wéi een Undeel vu béide Pigmenter dran ass, kann d’Hoerfaarf vun hellblond bis déif schwaarz goen.

Wéi funktionéiert dat?

Den Eumelanin ass schwaarz-brong, de Phäomelanin – an deem Schwiefel dran ass – dogéint giel-rout. Mënschen, deenen hir Hoer vill Eumelanin oder wéineg Phäomelanin hunn, hunn donkel Hoer. Wann d’Verhältnis vun de Pigmenter ëmgekéiert ass, dann huet een eng hellbrong oder blond Hoerfaarf. Besonnesch vill Phäomelanin hu Leit mat rouden Hoer.

A wat huet dat mam Ophellen an der Sonn ze dinn?

De besonnesch energieräichen ultraviolett Undeel am Sonneliicht zerstéiert d’Pigmenter. Do duerch gëtt d’Hoerfaarf méi hell. Phäomelanin also dee mam Schwiefel reagéiert awer vill méi empfindlech op UV-Stralung wéi den Eumelanin. Dowéinst wierkt Sonneliicht méi staark bei blonde Mënschen, iwwerdeems ee bei Leit mat schwaarzen Hoer knapps een Ënnerscheed gesäit.

Wierken d‘Hoer dann, wann een net méi sou vill an der Sonn ass, erëm méi däischter?

Am Ufank emol net, well zerstéiert Pigmenter sech net erëm regeneréiere kënnen. De méi hellen Toun geet eréischt da lues a lues fort, wann d’Hoer nowuessen.

Lauschtert Iech hei de Reportage un



Links