Mister ScienceWéi kënne Féiss aschlofen?

Jidderee kënnt et: En ageschlofene Fouss a scho kann een net méi optrëppelen...

Leschten Update: 03.07.2019, 10:54:23

© pexels

Et spiert ee säi Fouss praktesch net méi… Mr Science, wéi kann dat kommen?

Wann een ongënschteg sëtzt, da kann et sinn dass een Nerven ofdréckt, déi am Fouss sinn.


Mee wéi verschwënnt dann dat Gefill am Fouss, wann en Nerv ofgedréckt ass?
D‘Nerve bestinn aus ganz villen Nervenfaseren. Verschiddener gi Befeeler vum Gehir un eis Extremitéite weider. Zum Beispill, wann's du deng grouss Zéif beweege wëlls. Anerer gi Stimulatioune vum Fouss un d’Gehir weider: iwwer d’Positioun vum Fouss oder och wann eppes wéi deet.

D’Nerve leeden d’Informatioune wieder, an deem winzeg elektresch Impulser iwwer d’Nervenfasere lafen. Déi gi vu Faser zu Faser bis un d’Zil weider. Wann s du den Nerv ofdrécks, ass d’Weiderleedung vun den Impulser ënnerbrach – de Fouss gëtt daf an du spiers en net méi.

 

Wat bedeit dat dann, wann dat komescht an onangenehmt Kribbelen an de Fouss kënnt?

Dat ass ee gutt Zeechen, dass däi Fouss erëm erwächt. D’Nervefasere fänken erëm un, elektresch Impulser weider ze leeden. Als éischt entstinn do spontan Impulser, och wann do eigentlech kee Reiz vu bausse virläit. Dat ass d’Kribbelen a Pieksen, dat een da spiert. Dat hält jo awer glécklecherweis séier erëm op an da kanns du däi Fouss erëm wéi gewinnt spieren a beweegen.

Lauschtert Iech hei de Reportage un:

Links