Mister ScienceWat bréngen Hausaufgaben eigentlech?

Hausaufgabe sinn a ville Familljen en desagréabelt a lästegt Thema. Brénge se eppes beim Léieren– oder si se nëmmen eng Folter?

Leschten Update: 11.09.2019, 15:14:09

© Pexels

D’Summervakanz ass elo sou lues eriwwer an d’Schüler maache sech prett fir erëm an d’Schoul ze goen. A dee Schoul seet, denkt och un ...d’Hausaufgaben... Mee so mol, Mr. Science, bréngen Hausaufgaben eigentlech eppes? Oder ass et nëmmen eng Folter fir d’Schüler?

Ech hunn se och net gär gemaach an se allze dacks vergiess.... Ech hunn deemools och net geduecht, datt Hausaufgabe vill géife bréngen. Ech hu mech awer deslescht mat engem Expert iwwert d’Thema geschwat: de Professer Martin Korte vun der Technescher Universitéit zu Braunschweig. Hien ass Neurobiolog an erfuerscht wéi Mënschen am beschte léieren.

 An, wat seet de Professer dann zu Hausaufgaben?

Hausaufgabe si sënnvoll – wann et déi richteg Aufgabe sinn a wann se am richtege Moment geschriwwe ginn.

 Dat muss Du mir méi genee erklären…

Hausaufgaben hëllefe Schüler, déi Matière déi se an der  Schoul geléiert hunn, ze festegen an ze verdéiwen. Dofir ass et essentiell, datt sech d’Hausaufgaben inhaltlech op d’Matière vum Cours bezéien. Et mussen also Widderhuelungen an Übungen zu dem sinn, wat den Enseignant mat de Schüler an der Schoul duerchgeholl huet.

Falsch wier et, wa Schüler mat Hëllef vun Hausaufgabe selbstänneg nei Matière léiere missten. Dann hätten déi Kanner ee Virdeel, deenen hir Elteren sech mat dëser Matière auskennen an doheem quasi ee Privatcours kënne ginn, an déi aner sinn do am Nodeel.

 An wat ass déi bescht Zäit, an der d’Schüler hier Hausaufgabe schreiwe sollten?

Dat ass déi Zäit, an der d’Kanner wakereg a leeschtungsfäeg sinn. Bei deem engen ass et direkt no der Schoul, ma deen anere brauch nach eng méi laang Paus dotëscht. Fir de richtegen Zäitpunkt ze fannen, do mussen d’Elteren oder d’Erzéier hëllefen.

 Ganz eleng klappt et mat den Hausaufgaben also net?

Nee, virun allem Kanner aus der Grondschoul brauchen nach Ënnerstëtzung, mengt de Martin Korte. Net beim Contenu – mee bei der Strukturéierung vum Nomëtten. De Contenu sollten d’Kanner awer eleng léieren. Dee Moment géifen d’Hausaufgaben hëllefen, fir dat selbstännegt Schaffen ze léieren.

Lauschtert Iech hei de Reportage un:

Links