Mister ScienceFirwat kritt de Béier beim Zape wäisse Schaum?

Beim Zape vu Béier formt sech uewen drop wäisse Schaum. Dee steet fir d’Qualitéit vum Béier. Ma wéi entsteet dës cremeg Kroun?

Leschten Update: 25.09.2019, 12:12:46

Mr Science, ee Béier richteg ze zapen ass eng Konscht fir sech. Ee Kritikpunkt ass virun allem de Schaum, dee sech uewen drop bilt. Déck, gläichméisseg an e soll laang halen. Wéi entsteet dës Mousse a wat bestëmmt seng Eegenschaften?

Fir datt de Schaum sech bilde kann, brauch een zwee Ingredienten: Kuelendioxid an Eewäiss. De Kuelendioxid entsteet am Béier beim Brauen, wann den Zocker aus dem Malz an Alkohol ëmgewandelt gëtt. D’Eewäiss kënnt aus de Rechter vum Happ. Soulaang de Béier an der zouener Fläsch ass, ass de Kuelendioxid an der Flëssegkeet als Kuelesaier geléist. Wann een dann d’Fläsch op mécht fir en eraus ze schëdden, geet den Drock erof an de Kuelendioxid geet eraus. Et entsti Bliesecher, déi opsteigen. D’Eewäiss-Moleküller ëmwéckelen dës wéi eng Haut. Aus de ville Gasbullen an hire Hülsen, formt sech un der Uewerfläch eng Schaumkroun.

 Wat sinn dann d’optimal Konditioune fir eng Schaumkroun?

Fir „schéinen“ Schaum ze kréien, hänkt et ënner anere vun der Temperatur of. De Béier dierf net ze waarm an net ze kal sinn. Doniewent spillen d’Brauingredienten eng Roll, ënner anerem déi benotzte Malzzort: De Weessmalz féiert zu enger méi stabiller Kroun wéi de Geeschtmalz. Och de Prozess wéi ee Béier produzéiert an den Alkoholgehalt hunn een Afloss dorop. Dobäi kommen nach Aflëss am Glas déi kënne stéieren: Rechter vu Spüli oder Fettflecke wéi Fangerofdréck hunn een Afloss op d’Schaumbildung. 

Léisst sech d’Schaumbildung da steieren?

Munch Glieser sinn um Buedem méi rau. Dat favoriséiert d’Bildung vu Kuelendioxid-Blosen, déi dofir suergen datt méi Schaum kënnt. Dee selwechten Effet kritt  een, wann een e Räiskär dobäi mécht. Och d’Aart a Weis wéi een zaapt huet en Afloss: Léisst een de Béier schif um Glas erof fléissen, dann huet ee manner Schaum.

 Geet et nëmmen ëm d’Ausgesinn?

Nee, d’Schaumkroun huet och eng Schutzfunktioun: Si hält Aromastoffer an d‘Kuelesaier am Béier, datt en méi laang frësch bleift. An se verhënnert, datt de Béier aus dem Glas erausschwappt.

Lauschtert Iech hei de Reportage un

 

Links