Mr. ScienceAss Iessen aus der Mikrowell gesond?

Mat der Mikrowell kann ee séier an einfach eng waarm Moolzecht preparéieren. Ma wat dobäi geschitt, schéngt relativ geheimnisvoll.

Leschten Update: 09.10.2019, 14:03:02

© Pexels

Mr. Science, een deen eppes Waarmes ze iesse wëll, huet et mat der Mikrowell einfach: Kaalt Iessen erastellen, Knäppchen drécke – an no e puer Minutten ass d’Moolzecht fäerdeg. Dobäi wierkt elektromagnéitesch Stralung. Kann dës Preparatiounstechnik schiedlech sinn?

Etlech Fuerscher hunn dës Fro ënnersicht, sou zum Beispill och een Team vun der Uni Graz an Éisträich. D’Wëssenschaftler hunn Flëssegkeeten an der Mikrowell erwiermt – emol a Reagenzglieser, déi d’Stralung total ofhalen, an emol a normalen. Wärenddeem hu si verschidde chemesch Reaktiounen ënnersicht. D’Resultat: ënner Afloss vu Mikrowelle sinn déi selwecht Reaktiounen ofgelaf wéi ouni.

D’Mikrowellen hëtzen also nëmmen. Stralen hu keen Afloss op d’Reaktiounen a léise keng ongewollte Prozesser aus. Mee: Een Afloss op d’Iessen huet d‘Kachen an der Mikrowell schonn- genee wéi dat klassescht Kachen. Hëtztempfindlech Vitaminne wéi C oder B1 ginn deels zersat. Fettléislech Vitaminnen, wéi A, D oder E dogéint profitéiere vun der Wiermt, well si sou an d‘Fett iwwerginn a fir de Kierper notzbar ginn.

Ginn et also keng Ënnerscheeder tëschent Kachdëppen a Mikrowell?

Dach, mee si hänke vu de Liewensmëttel a sengen Inhaltsstoffer of. D’Kachen an der Mikrowell ass fir dat waasserléislecht Vitamin C vu Virdeel, well d’Vitaminnen dobäi net am Kachwaasser  verluere gi – wéi dat am Kachdëppe geschitt. Een Ënnerscheed vun der Mikrowell vis à vis vum traditionelle Kachen ass awer déi ongläichméisseg Erwiermung.

Dat kennt een.

Mikrowellen erhëtze just op punktuelle Plazen, meeschtens vu bannen no baussen. Wann d’Iessen banne scho waarm ass, wierkt et vu baussen dacks nach wootlech. Dofir sollt een alles virum Iesse verréieren. Méi blöd ass et, wann eventuell Krankheetserreeger op deene kille Plazen net komplett zerstéiert ginn. Dofir soll ee Gehacktes oder Iesse mat réiem Ee besser an der Pan oder am Schäffche wiermen.


 

Links