Mister ScienceWat ass dee beschte Regime?

D'Offer u Regimmer ass risegrouss, awer wéi een ass wëssenschaftlech getest a funktionéiert?

Leschten Update: 08.01.2020, 17:05:53

De beschte Regime ass deen, deen ee laangfristeg duerchhält an deen net zu Mangelerscheinunge féiert.

Dat kléngt elo net sou immens...

Dat ass awer tatsächlech d'Resultat vu villen Etüden. Et gëtt tatsächlech kee Wonner-Regime. Egal wéi ee Regime d'Wëssenschaftler ënnersicht hunn: zum Schluss war ëmmer de gréisste Problem, dass d'Participanten net duerchgehalen hunn an no Ofschloss vum Regime erëm zougeholl hunn.

Et gouf zwar vill Regimmer, mat deenen ee séier e puer Kilo ofhuele kann. Awer déi sinn allerhéchstens fir den Ufank sënnvoll, fir datt een direkt en Erfollegserliefnis huet. Wann een awer op Dauer manner op d'Wo brénge well muss ee säi ganze Liewensstil ëmstellen.

Wat heescht dat konkret? 

Op där enger Säit méi bewosst iessen, also net ze vill an equilibréiert. Well schlussendlech ass et eng Fro vum Energiebilan: et däerf een net méi Energie mam Iessen zou sech huelen, wéi ee verbraucht. Wann een dat well hikréien, muss ee säi ganzt Verhalen ëmstellen an dat ass net einfach. Dobäi kënnen awer zum Beispill Dieteticiennen hëllefen oder mëttlerweil och Appen. Hei geet et zum Beispill drëms, genuch Beweegung an den Alldag z'integréieren. Dat kënne kleng Saachen si wéi Rolltrapen a Lifter evitéieren, oder méi grouss Efforte wéi mam Vëlo amplaz mam Auto op d'Aarbecht fueren. Da soll ee Waasser amplaz séiss Jus'en drénken a léieren, sech genuch Zäit fir z'Iessen ze huelen. An et soll ee sech natierlech net eng zweete Kéier den Teller fëllen. Et gi vill kleng Schrëtt, déi zesumme wierken. Am Ufank gëtt een zum Beispill vun enger App mat Kontroll a Luef bei der Staang gehale, bis déi nei Gewunnechte selbstverständlech gi sinn. Fuerscher konnte weisen, datt een sou op Dauer 5 bis 10 Prozent vu sengem Gewiicht reduzéieren an dat virun allem och hale kann.

Lauschtert Iech hei de Reportage

Links