Money CheckerWat passéiert bei enger Inflatioun ?

Am Money Cheker erkläert eisen Expert eis haut, wat eng Inflatioun ass, wéi se gemooss gëtt a wat dat fir Auswierkungen ob d' Wirtschaft huet.

Leschten Update: 27.10.2017, 09:16:50

 Ugefangen mam Begrëff selwer. Eng Inflatioun bezeechent eng Erhéijung vun de Präisser. Dat bréngt matt sech, datt d’Leit fir hir Suen manner kréien.

Gemooss gëtt d’Inflatioun matt deem sougenannten Wuerekuerf, wou all déi Saachen also déi Gidder dra sinn, déi ee privaten Haushalt brauch.

Eng Inflatioun am eegenen Land kann dozou féieren, datt e Buttek deen seng Tomaten aus Mexico liwweren léist fir hien méi bëlleg gëtt , wéi nach virdrun.

Anerwäerts huet dee Buttek et bei engem héijen Inflatiouns-Taux méi schwéier hir mëttlerweil méi deier Wueren am Ausland ze verkafen.

 

Lauschtert Iech hei den Reportage un: