Wat bedeit den IBAN an den BIC Code?

Firwat brauch een den IBAN an den BIC Code? Wat sinn d'Virdeeler a wat passéiert wa mir deen eng Kéier bei engem Virement an d'Ausland vergiessen?

Leschten Update: 30.03.2015, 15:03:07

© ALAIN JOCARD / AFP

All déi Leit déi schonn eng Kéier missten eppes iwwerweisen, sinn den IBAN an de BIC Code gefrot ginn.

De BIC, den Bank Indentifier Code, verréit just zu wéi enger Bank déi Kontosnummer gehéiert déi dir um Virement ugitt.

Am Plaatz vum BIC kann och gäre mol nom S.W.I.F.T. also noom Society for Worldwide Interbank Financial Telecommunication gefrot ginn. Genee sou wéi den BIC verréit och den S.W.I.F.T zur wéi enger Bank déi Kontosnummer gehéiert déi dir ugitt.

Hei zu Lëtzebuerg hu mer de System mam IBAN Code scho méi laang. Wann een  awer zum Beispill an Däitschland eppes bestallt huet a wollt iwwerweisen, haten déi eng oder aner Butteker nach hier Problemer matt dem System.

IBAN steet fir International Bank Account Number an ass näischt aneres wéi är Kontosnummer, déi säit dem 1. Februar 2014 elo an der ganzer  Euro Zone an an de Länner Norwegen, Island, Lichtenstein, Schwäiz a Monaco d’selwecht geschriwwen gëtt.

Klickt hei fir weider Informatiounen

Lauschtert Iech hei de Reportage un:

Money Checker 31.03.15