Wat versteet een ënnert Ligne de crédit

Fir ze verstoe wéi d'Ligne de crédit funktionéiert an ofgebucht gëtt bidd den Eldoradio Money Checker e méi iwwersiichtlechen Abléck an d’Finanzwelt.

Leschten Update: 17.08.2015, 14:00:02

© Bank Carte de crédit / ALAIN JOCARD / AFP

Datt d’Suen net op Beem wuessen, dat weess jiddereen, mee wat ass wann di finanziell Mëttel vir an hannen net opginn? Eng Méiglechkeet ass et iwwer seng Kaart oder säi Kont e Kredit opzehuelen a mat senger Bank zesummen eng Zomm festzeleeën di een all Mount an de Minus kann goen.

Ligne de crédit nennt sech dëse Service a versprécht dem Client d’Méiglechkeet säi Budget ze vergréisseren. Béid Methode sinn awer mat enger Rei Obligatiounen a Gefore verbonnen, well wee säi Budget net am A hellt, dee riskéiert sech ze verschëlden.

Lauschtert Iech hei de Reportage un:

Wat versteet een ënnert enger Ligne de crédit?

Links