Money CheckerDéi wichtegst Fakten iwwer Crowdfunding

Crowdfunding ass hautdesdaags e mediewierksamt Konzept a gëtt vu verschiddene Leit als DÉI Investitiouns- oder Spuerform vu Muer gelueft.

Leschten Update: 05.12.2017, 08:53:23

© XAVIER LEOTY / AFP

Beim Crowdfunding ginn et véier grouss Kategorien:

De karitative Crowdfunding, de Crowdfunding ouni finanziell Géigeleeschtung, de Crowdfunding an Aktien an de partizipative Prêt.

Déi zwou éischt Forme vu Crowdfunding si vläicht net déi pertinensten, wat de finanzielle Volumen ugeet, si sinn awer déi populäerst, well se ganz einfach zougänglech sinn.

Liicht zougänglech bedeit awer net automatesch och Succès. Eng Crowdfunding-Campagne soll een net improviséieren, et brauch een Zäit an Erfahrung. Fir dass d’Finanzéierung vun Ärem Projet erfollegräich ass, muss dëse credibel an iwwerzeegend presentéiert ginn.



Links