Money CheckerWat ass MiFID II?

Et ass en europäescht Gesetz, dat zënter 2007 d'Organisatioun vun de Finanzmäert an Europa reegelt.

Leschten Update: 12.03.2018, 16:15:21

© Philippe Huguen / AFP

D'Haaptzil vun de "Markets in Financial Instruments Directive", kuerz MiFID" ass et, d' Verbraucher vu Finanzproduiten a- Service ze schützen. Déi europäesch Banke sinn elo verflicht, Interessenskonflikter ze verhënneren a méi verbindlechen Investisseursprofil vum Client opzestellen, fir him deementspriechend déi Produiten unzebidden, déi am beschte bei hie passen an hien esou gutt wéi méiglech ze schützen.
Lauschtert Iech hei de Reportage un: