Money CheckerWéi kënnt dir vun der Kreeslafwirtschaft profitéieren?

Carsharing, Vëlosharing a Second Hand si just e puer Iddien.

Leschten Update: 14.08.2018, 08:25:15

© Eldoradio

D' Kreeslafwirtschaft ass am Ufank vum 21. Joerhonnert entstanen an huet als Zil, benotzte Réistofer sou wäit wéi méiglech, iwwer de Liewenszyklus vun engem Produkt oder enger Wuer eraus, an anere Produktiounsprozesser nach eemol ze benotzen, an esou nei Produkter amplaz vun Offall ze schafen. D'Ofbauprodukter ginn esou fir nei Biedem, Dünger oder als Grondstoffer fir nei Produkter agesat.

Lëtzebuerg wëll eent vun de Pionéierlänner vun der Kreeslafwirtschaft an Europa sinn. Et gi scho verschidden Initiativen an der Industrie- a Wirtschaftssecteure vum Land, genee wéi um Niveau vun der Bierger a vu lokalen a regionalen Associatiounen.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: