Money CheckerWéi kann ee seng Verschëldungscapacitéit ausrechnen?

Wourunner läit et, datt d'Banken Iech e Prêt accordéieren oder och net?

Leschten Update: 27.08.2018, 16:46:37

© Pexels

Ënnert der Verschëldungscapacitéit oder Remboursementscapacitéit versteet een de maximale Betrag, deen Dir ënnert Berécksichtegung vun Äre Ressourcen an Ären anere Chargen all Mount fir d'Zeréckbezuele vun engem Kredit kënnt ausginn.

Ob Är Bank e Prêt vergëtt oder net, hänkt zum groussen Deel vun hirer Kreditpolitik a vun de Relatiounen of, déi Dir mat Ärer Bank hutt. An anere Wierder, wann Är Verschëldungscapacitéit ënner 33% läit heescht dat net automatesch, dass Är Demande fir e Kredit  refuséiert gëtt.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: