Money CheckerFir wat gëtt et den Indexsystem?

Zu Lëtzebuerg ginn all d'Paien a Rente reegelméisseg un d'Verännerunge vun de Verbraucherpräiser, an aner Wierder un d'Inflatioun, ugepasst.

Leschten Update: 10.09.2018, 15:37:02

© Pexels

Zesumme mat der Belsch ass de Grand-Duché domat eent vun den eenzege Länner an der Europäescher Unioun, dat e Mechanismus fir d'Upassung vun de Salairen un d' Inflatioun huet.

De Verbraucherpräisindex gëtt all Mount erstallt a fir déi 12 Méint vum Joer am Verglach zum Dezember vum Joer virdru berechent. Seng Grondlag ass d'Basis 100 vum 1. Januar 1948. Tëschent 2014 a 2016 gouf den Index plafonnéiert an den 1. Januar 2017 ass en ëm 2,5% geklommen. Zënter dësem Datum ass de Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbecht op 1 988,59 Euro eropgaangen an all d'Paien, Renten an aner Gehälter sinn am Prinzip, ëm 2,5% an d'Luucht gaangen. Déi éischte Kéier säit 4 Joer!

Lauschtert Iech hei de Reportage un: