Money CheckerKënschtlech Intelligenz am Bankesecteur

Wéi en Afloss huet d'Kënschtlech Intelligenz op d' Metieren an de Banken?

Leschten Update: 28.02.2019, 23:50:23

© AI pexels

Ëmmer méi Finanzinstituter installéieren op hiren Internetsitte Plattformen, déi Kënschtlech Intelligenz an neurolinguistesch Pogrammatioun asetzen, fir de Benotzer online dobäi ze hëllefen, méi einfach a méi schnell un Informatiounen ze kommen an dat ronderëm d'Auer.

D'Clientë si méi zefridden, d' Bank gëtt méi reaktiv, well si kann an Echtzäit suivéieren, wat d' Clientë sichen an ob d' Äntwerten op hir Froe schonn existéieren. Och d'Performance vun hire Zentrale verbessert sech, well déi gi vill manner an Usproch geholl vu Clienten, déi keng Äntwert op hir Froen um Internetsite fonnt hunn.

Wéi wäit sech kënschtlech Intelligenz an den nächste Joeren an de Bankesecteuer wärt integréieren kënnt der iech hei ulauschteren:
Lauschtert Iech hei de Reportage un:
Links