Money CheckerWat ass d'Silver Wirtschaft?

D'Silver economy bezeechent all déi wirtschaftlech an industriell Aktivitéite fir d'Senioren.

Leschten Update: 14.01.2019, 15:09:08

© Pexels

D'Silver economy leet sech vun der Faarw vun de groen Hoer vun den eelere Leit of a bezeechent all déi wirtschaftlech an industriell Aktivitéite fir d'Senioren.

Dës Wirtschaft gëtt et zanter e puer Joer schonn a wäert och an Zukunft e staarke Wuesstem erliewen. D'Zuel vun de Senioren hëlt ëmmer méi zou.

Laut engem Rapport vun de Vereenegten Natioune war ongeféier 13% vun der Bevëlkerung 2017 iwwer 60 Joer al; dësen Taux soll ongeféier all Joer ëm 3% bis 2050 klammen, dat méi wéi ee Véierel vun der ganzer Populatioun op all de Kontinenter, ausser Afrika, ausmécht.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: