Money CheckerPlënnere wat kascht dat?

Ouni e Minimum Organisatioun an e kontrolléierte Budget ka Plënneren eng richteg Challenge sinn. Hei puer Tipps fir béis Iwwerraschungen ze vermeiden.

Leschten Update: 08.04.2019, 13:48:25

Wann Dir Är Wunneng lount, wäert den Haaptposte vun Ären Ausgabe virum Plënneren, d' Mietgarantie sinn, déi Ären neie Proprietär verlaangt. Si ka sech op bis zu 3 Méint Loyer belafen. Bei dës Zomm kommen och nach d'Käschte vun der Immobilienagence, an Héicht vun engem Mount Loyer. An, Dir kënnt och net op d'Kautioun zielen, déi Ärem viregte Proprietär bezuelt hutt. Déi kritt Dir nämlecht eréischt um Enn vum Mietvertrag erëm, an dat och nëmmen dann, wa beim Erausplënnere keng Schied festgestallt ginn.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: