Money CheckerKennt dir all d'Virdeeler vun Ärer Kreditkaart

Mat Ärer Kreditkaart kënnt der méi, wéi nëmmen akafen. E puer Tipps, wéi Dir maximal dovunner profitéiere kënnt.

Leschten Update: 24.04.2019, 10:33:24

© pexels

D'Kreditkaart ass den ideale Begleeder vun deem, dee reest. Dir musst net méi mat gréissere Zomme Boergeld erëmlafen. Kreditkaarte gi bal iwwerall op der Welt akpzeptéiet a si si méi käschtegënschteg. Am Geschäft mat Ärer Kreditkaart ze bezuelen ass méi bëlleg wéi um Automat opzehiewen oder Devisen ëmzetauschen. An der Eurozon ass et souguer ganz gratis.

Wann Dir Är Rees mat der Kreditkaart bezuelt, kënnt Dir vun enger Reesversécherung profitéieren.


Lauschtert Iech hei de Reportage un: