Money CheckerUrban Mobility - Trend oder nei Form vu Mobilitéit?

Ëmmer méi Leit profitéieren vum E-Scooter, dem Segway oder soss engem elektronesche Gerät fir sech ze deplacéieren.

Leschten Update: 07.10.2019, 14:00:02

© Unsplash

Grad an eiser Zäit solle mer probéieren ëmweltbewosst ze liewen. Dozou gehéiert z.B. sou gutt et geet op Plastik ze verzichten, keen Dreck an d'Natur ze geheien, net onnéideg Energie ze verschwenden an och d'Aart a Weis vun der Mobilitéit ze iwwerdenken. Fir vun A op B ze komme muss et jo net ëmmer direkt den Auto sinn. Et ginn nach genuch aner Méiglechkeeten, wéi z.B. de Vëlo, d'Trottinette oder en elektronescht Gerät, wéi den E-Scooter, Sagway oder en Hoverboard. 
Huet dat ganzt eng Zukunft oder ass et éischter en Trend deem mer hannendru lafen?

Lauschtert eran