Money CheckerWéini kënnt dir är Mietgarantie recuperéieren?

Wann dir aus ärer Wunneng erausplënnere wëllt an dir är Mietgarantie séier wëllt zeréckkréien, da muss ee fir d'éischt d'Formalitéite klären.

Leschten Update: 04.11.2019, 12:42:07

© Unsplash

Et ass een e puer Joer a senger Wunneng an op eng kéier huet ee Loscht op eppes Neies, respektiv och eventuell eppes méi Grousses. Wann ee gelount huet, dann ass och ëmmer eng Mietgarantie am Spill, déi ee jo dann och esou séier wéi méiglech gär erëm hätt. 
Wichteg ass et scho mol, dass een d'Wunneng an engem gudden Zoustand hannerléisst an ee selwer fir keng Schied verantwortlech ass. E gutt Verhältnis mam Proprietär ass do ëmmer vu Virdeel. 
Ma wéini genau kann een eigentlech déi Mietgarantie recuperéieren?

Lauschtert eran