Money CheckerGarantéiert dee richtegen Occasiounsauto kafen!

D'Uschafe vun enger Occasioun ass net einfach, zemools net wann ee selwer keen Expert ass. Mat e puer Tipps, gëtt ee sécher net iwwert den Dësch gezunn!

29.01.2020, 00:00:07

© Pexels

Dacks stellt sech d'Fro ob ee sech en neien Auto oder eng Occasioun soll kafen. Bei engem Neie kritt een zwar kee Schrott verkaf, ma dat ass allerdéngs e gutt Stéck méi deier. Dofir ass eng gutt Occasioun eng Alternativ.

Mee wéi erkennt een ob een eng sënnvoll Affär mécht, oder ob een op d'Nues gedréckt gëtt.

Zu Lëtzebuerg entwéckelt sech dëse Marché ëmmer méi. Loosst Iech awer net schlecht iwwerraschen. Vergiesst net, déi richteg Precautiounen ze huelen, éier dir ären Akaf finaliséiert.

Lauschtert eran