Money CheckerPlënneren, wat kascht dat?

Ouni e Minimum Organisatioun an e kontrolléierte Budget ka Plënneren eng richteg Challenge sinn. Hei e puer Tipps fir béis Iwwerraschungen ze vermeiden.

Leschten Update: 14.02.2020, 06:38:01

© Pexels

Wann Dir eng Wunneng lount, wäert Äre gréisste Käschtepunkt virum Plënneren d'Locatiounsgarantie sinn, déi Ären neie Proprietär verlaangt. Si ka sech op bis zu 3 Méint Loyer belafen. Bei dës Zomm kommen och nach d'Käschte vun der Immobilienagence, an Héicht vun engem Mount Loyer.

An, Dir kënnt och net op d'Kautioun zielen, déi Ärem viregte Proprietär bezuelt hutt. Déi kritt Dir nämlech eréischt beim Opléise vun Ärem Kontrakt erëm, an dat och nëmmen dann, wa beim Erausplënnere keng Schied festgestallt ginn.

Lauschtert eran!