Eng Stonn reservéiert fir Musek "made in Luxembourg"!

Nationale Pop, Rock an Alternative!

D'Christine presentéiert iech d'Musekszeen hei zu Lëtzebuerg. An dat all Sonndeg Owend vun 19h00 bis 20h00.
Déi bescht Musek vun nationale Kënschtler a Bands!

Dezibel - Musek made in Luxembourg!

Lauschtert déi lescht Dezibel-Sendung


Alleguerten d'Sendunge kënnt dir iwwregens hei an eisem Podcast nolauschteren!

Du bass e lëtzebuerger Kënschtler oder hues eng lëtzebuergesch Band a wëlls dech oder deng Band um Radio an eiser Dezibel-Sendung presentéieren?

Da schéck eis eng Mail mat den Infoen an engem Video oder Audio oder Link op dezibel@eldoradio.lu!

Infoen zur aktueller Sendung:
© Eldoradio
De LeDé Milestone ass ee Lëtzebuerger Kënschtler, deen op lëtzebuergesch rappt an dëst Joer ënnert dem Titel "Delta" een neien Album eraus bréngt. An der Dezibel e Sonndeg stellt hie säi Projet fir.

Lauschtert eran um Sonnden Owend vu 19h00 bis 20h00 op Eldoradio!

Dezibel - D'Sendung um Sonnden Owend vu 19h00 bis 20h00, déi sech komplett ronderëm déi lëtzebuergesch Musekszeen dréint.

Links