Fuesent: De kompletten Agenda!

Mat der Fuesent kënnt nees eng vun de Saisonen, wou mat am meeschten Leit Party maachen, mir hunn iech déi bescht Plazen en Donneschdeg scho verroden...

© Fotoen Fuesent op eldo.lu

Fir déi eng ass et einfach d'Fuesent, fir déi aner déi schéinste Joreszäit déi et gëtt, oder souguer de längste Partymarathon vum Joer. De Fuesweekend ass dëst Joer vum Fettendonneschden 23. Februar bis Fuessonndeg 26. Februar an doriwwer eraus.

Lass geet et Mëttes den 18 Februar op der Kockelscheier mat Fuesent on Ice. Hei suergt den DJ Al fir déi richteg Ambiance. Owes kann een dann nach an de Süde bis op den Bieles am Jumm fueren. Hei gëtt et Ticketen am Virverkaf ab 6€ an an der Oweskeess fir 10€.

Weider geet da schonn Donneschdes den 23 Februar mat direkt e puer Altweiberbaler – ënner anerem zu Dikrech, zu Hesper an an der Fabrik. Freides bidden sech dann direkt méi Locations un. Enner anerem kennt der hei op den Hexebaal op Schous, den Piccobello zu Hesper, den Ole Möhne Bal zu Heinerscheid, den Musel an Dusel zu Schwéidsbeng, d'Mega Fuesent zu Déifferdeng oder wéi wär et mam Fräeschebal Samschdes den 25ten Februar zu Bettenduerf goen. Sonndes Mëttes ass zu Dikrech dann nach een Event fir Grouss an Kleng – hei ass de Rendez-vous fir déi 38. Dikrecher Cavalcade. Start ass hei um 14 Auer an dono gëtt nach an der Seeërei gefeiert bis an d’Nuecht eran. Den nämmlechten Dag ass och d’Foasicht oam Moart zu Iechternach. Start ass hei um 14 Auer bis Moies 3.

Méindes de 27. Februar ass dann nach de groussen Karnevalsumzug zu Treier. Hei kennt der Mëttes um Rosenmontag mat de Fuesgecke feieren.

Op den Frou Frou Bal zu Greivenmacher kennt der den 11 Mäerz goen a Samschdes den 18 Mäerz ass nach d’Escher Fuesrevue op der Gemengeplaz zu Esch. Hei läit den Ticketspräis bei 13€.

Zum Schluss kommen dann nach traditionell de Rescht vun de Cavalcaden aus Lëtzebuerg an der Emgeigend. Den Ufank mëscht hei d’Schefflenger Cavalcade de 5 Mäerz, dono kennt Kayl’er Cavalcade den 12. März an d’Escher Cavalcade den 19 Mäerz. De Schluss maachen hei d’Péitenger Cavalcade an d’Nuetscavalcade zu Waasserbëlleg déi allen 2 de 25. Mäerz stattfannen.

18.02.2017 Fuesent on Ice Kockelschéier
18.02.2017 Bieles am Jumm Bieles
23.02.2017 Altweiberbal Diekirch, Hesper, Miersch (Fabrik)
24.02.2017 Hexebal Schous
24.02.2017 Piccobello Hesper
24.02.2017 Ole Möhne Bal Heinerscheid
25.02.2017 Musel am Dusel Schwéidsbeng
24.02.2017 Mega Fuesent Déifferdeng
25.02.2017 Fräeschebal Bettenduerf
26.02.2017 Cavalcade Diekirch Diekirch
26.02.2017 Foasicht oam Moart Iechternach
27.02.2017 Karnevalsumzug Trier
11.03.2017 Frou Frou Gréiwemaacher
18.03.2017 Escher Fuesrevue Esch
05.03.2017 Cavalcade Scheffleng Schëffleng
12.03.2017 Cavalcade Kayl Kayl
19.03.2017 Cavalcade Esch Esch
25.03.2017 Cavalcade Péiteng Péiteng
25.03.2017 Nuetscavalcade Waasserbëlleg Waasserbëlleg



Iwwregens war et déi éischt Sendung aus eisem néie Studio @RTL City!

Den Wulli zesummen mat den DJ's Janko an Seven


Hei fannt dir Links zu flotten Fues-Fotoen op eldo.lu:

Links