De Freideg gëtt nees fir e gudden Zweck gerockt!

Eldoradio a Swiss Life presentéieren déi 5. Editioun vu Rock Against Cancer!

Feieren, e coolen Owend verbréngen an sech an engems fir de gudden Zweck asetzen! Dat kann een dëse Freideg vun 20h00 un an der Rockhal!

Déi 5. Editioun vu Rock Against Cancer!

All Joers bréngt de Rock Against Cancer eng ganz Rëtsch u Leit zesummen, déi net nëmmen eng cool Zäit verbréngen, mä an engems eppes fir de gudden Zweck maachen. De kompletten Erléis vum Concert a vum Event geet nämlech un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner an u Fondation Cancer!

Den DJ Deniz Labong, Zero Point Five an de Mister Cover garantéieren eng super Ambiance!

Den Organisatiounscomité war Live am Studio beim Wulli a faassen nach eemol all déi wichteg Infoen zesummen.

Event Navigator Rock against Cancer ITV


D'Orietta Fagiani, Sindy Stautemas an den David Marques vum Organisatiounscomitée



Links