Gëff Luxembourg's Next Popstar 2017!

Du hues eng mega Stemm, sengs gär an hues kee Problem domat eng Bühn ze rocken? Da mell dech elo un a gëff den nächste Popstar!

Eldoradio an den Escher Geschäftsverband presentéieren:

Luxemburg's Next Popstar 2017!

Sief de 14. Juli während der Journée Française bei de Live-Virentscheedunge zu Esch mat dobäi an iwwerzeegt d'Jury!

Vläicht packs du et de 16. September um Hierschtmaart an déi grouss Final mat Livebands op der Open Air-Bühn virun der Escher Gemeng!

Aschreiwungen a weider Informatioune fannt dir op www.nextpopstar.lu!

Den 8. Mee kënnt iwwregens offiziell déi éischt Single vum Rafeala, der Gewënnerin vun Luxembourg's Next Popstar 2016 eraus: "Home"!

All Detailer iwwert dës Editioun an d'Geschicht vun der Gewënnerin vun der leschter Editioun kennt der hei nach eemol nolauschteren:

Event Navigator Luxembourg's Next Popstar ITV


Den Organisateur Mike Welter an d'Rafaela (Gewënnerin vun der Editioun 2016)


Links