Truck'n Roll Festival - Kulinarik a Musék um Belval!

Eldoradio an d'Luxembourg Food Truck Associatioun invitéiert dëse Weekend op déi éischt Editioun vum Truck'n Roll Festival.

Op der éischter Editioun vum "Annual Truck'n Roll Festival", deen dëse Weekend vu Freides bis Sonndes um Belval stattfënnt, erwaarden iech 21 verschidde Food Trucks an 9 national Bands!

Lëtzebuerger Foodtrucks begleet mat Live Musek!

Loscht op e klassesche Burger, asiatesch Nuddelen oder awer éischter eng Zalot? Um Truck'n Roll Festival um Squaremile Parking um Belval kënne Foodtruck-Fans vun héichwäertegen Iesse profitéieren a kommen och musikalesch op hir Käschten!

Mam 3-Day Pass, deen et fir nëmmen 3 Euro op der Plaz ze kafen gëtt, kënnt dir de ganzen Weekend iwwer Live-Acts wéi Strysles, Remo Cavallini, Kid Colling a vill weider Artisten erliewen.

Kim Conrardy, Guy Reding an d'Nathalie Bretin vum Organisatiounscomitée

Den Donneschden Owend waren déi Responsabel beim Wulli am Eldo Event Navigator ageluede fir nach eemol alles ze resuméieren.
Lauschtert hei nach eemol de ganzen Interview:

Event Navigator Truck'n Roll Festival ITV 1

Event Navigator Truck'n Roll Festival ITV 2





Links