De grousse Buspulling mat Voyages Vandivinit

Eldoradio an Voyages Vandivinit bréngen iech nächsten Donneschdeg, um Feierdag, un är Grenzen!

Aarm drécken ass Iech ze langweileg an Neel béien ze onspektakulär?


Dann weist wat dir drop hutt um groussen Buspulling nächsten Donneschdeg!

Den Challenge fir Veräiner, Schoulklasse oder mat Kollegen!

Weist, dass dir d’Kraaft hutt... Busser ze zéien!


30 Meter an 3 Minutten Zäit!
All Team besteet aus 5 Leit (16+) an engem Coach a muss an 3 Duerchgäng déi bescht Zäit maachen. Déi 8 séierst Teams kommen eng Ronn virun a kënnen um Enn e Bus fir en Dagesausfluch gewannen!

Eldoradio presentéiert de grousse Buspulling zesumme mat Voyages Vandivinit, um Feierdag, nächsten Donneschdeg, zu Elleng bei Mondorf um Site vu Vandivinit!

Den Charel vu Voyages Vandivinit

Lauschtert héi nach eemol de ganzen Interview mam Charel vu Voyages Vandivinit:

Event Navigator Buspulling ITV 1

Event Navigator Buspulling ITV 2


Links