E Rallye ganz nom Motto "Laanscht Sauer braucht Dir Power"!

Eldoradio an d'Lëtzebuerger Landjugend Dikkrich invitéiert op déi 43. Editioun vum Landjugenddag zu Ierpeldeng un der Sauer (Ettelbréck).

Dëst Joer organiséiert d'Landjugend Dikkrich den alljährleche Rallye zu Ierpeldeng un der Sauer (Ettelbréck).


Verbréngt en Dag an der Natur, spadséiert laanscht d'Sauer a stellt äert Wëssen a Kënnen am Team ënner Beweis. De Startschoss vum 9 Kilometer laangen Rallye ass um 12h00 Auer an d'Aschreiwunge vun den Ekippen (5-7 Persounen) sinn den Dag selwer.
Nieft dem Rallye ginn et de ganzen Dag iwwer ausserdeem nach flott Animatioune fir Grouss a Kleng.


No der Präisiwwerreechung vum Rallye, gëtt déi 43. Editioun vum Landjugenddag dann mat engem Bal ofgeschloss!

D'Organisateure vum 43. Landjugenddag

Wat iech erwaart an wei der iech richteg preparéiert gouf nach eemol vun der Landjugend vun Dikrech beim Wulli zesummegefaasst:

Event Navigator Landjugenddag ITV

Links