Autokino zu Iechternach um Séi!

Vum 2. bis de 5. Juni invitéiert de Ciné Sura op hier Film-Virstellungen zu Iechternach um Séi.

Vum Freideg bis en Méindeg presentéiert iech de Ciné Sura um Parking beim Iechternacher Séi erëm den

Drive in cinema

Um 19h30 ginn d'Dieren vum Parking op a vun 21h15 un gëtt hei dann all Owend en anere Film an däitscher Versioun op enger riseger Leinwand gespillt.

Fir d'Waardezäit bis 21h15 ze verkierze ginn et eng sëllech Iess- a Gedrénksstänn. Selbstverständlech ass och fir Kino-Food gesuergt, sou dass dem perfekten Autokino-Filmowend näischt méi am Wee steet.

02.06. - Fast & Furious 8
03.06. - Pirates of the Carribean 5 - Salazars Rache
04.06. - Guardians of the Galaxy 2
05.06. - Alien: Covenant

Notzt elo är Chance a gewannt mat e bësse Chance 2 Tickete fir den Drive in Cinema um Iechternacher Séi!

De Michael vum Autokino

Event Navigator Interview Autokino 1

Event Navigator Interview Autokino 2

De kompletten Autokinos-Programm fannt dir hei!




Drive in Cinema Teaser

Links