Plug it UP! - Musek fir de gudden Zweck

Dëse Samschden am Nomëtteg heescht et zu Biissen "Plug it UP!" - e Festival mat lëtzebuergesche Bands a Museker.

Dëse Samschden am Nomëtteg ass zu Biissen am Festsall "Frounert" den "Plug it UP!" - Festival mat 100% lëtzebuergescher Musek! Organiséiert gëtt dëse Festival vu 5 Schülerinnen, dem Lisa, Kelly, Valeria, Karina a Savannah.

De ganze Mëtteg kritt dir hei dat bescht aus der lëtzebuergescher Musekszeen gebueden. Ënnert anerem stinn "Dream Catcher", "Isaac Roosevelt", "Kelly Decker" an "Dario" op der Bühn a suergen hei fir déi beschte Stëmmung! 

Fir Iessen a Gedrénks hunn déi 5 Meedercher natierlech och gesuergt! Nieft engem Grill- a Gedrénksstand ass ënnert anerem och de lëtzebuergesche Cider "Ramborn" an de Béier "Foxbeer" mat engem Stand um Start!

D'Kelly & Lisa vum Plug it Up!

Event Navigator Interview Plug it Up

Den Erléis vun dësem Festival ass fir de gudden Zweck. De Scheck gëtt un d'Young Caritas iwwerreecht an hëlleft deene benodeelegte Kanner a Jugendlechen hei zu Lëtzebuerg!

Tickete kritt dir fir 8€ am Virverkaf a fir 10€ de ganze Mëtteg iwwer an der Dageskeess!

Parkméiglechkeeten hutt dir direkt virun der Dir vum Festsall "Frounert" zu Biissen.

Sidd also dobäi wann zu Biissen fir de gudden Zweck gerockt gëtt! Lass geet et um 15h30!


Links