"Rock un der Atert" - Festival

Eldoradio an d'Réidener Musek invitéieren op déi 3. Editioun vum RUDA-Festival zu Réiden un der Atert!

Dëse Sonndeg steet zu Réiden un der Atert erëm alles am Zeeche vun der Musek. Kommt laanscht an erlieft ab 18h00 6 verschidde Bands am Zentrum vu Réiden op der "Place Bian":
  • Trappers
  • Kevin Heinen Band
  • District 7
  • The Tame and the Wild
  • Austinn
  • De Läb
Um Menü sti Grillwurschten, Burger a Fritten an un der Bar kritt dir dësen Owend verschidden Zorte Béier, Cider, Soft Drinks a Cocktailer.

Gratis Parkméiglechkeete ginn et beim "Atert Lycée" zu Réiden a vun do aus bréngt iech e Shuttle-Bus op de Site vum Festival. Donieft fueren och Late Night Busser, déi iech op de Festival bréngen!
De Vincent,Philippe & Ben vum RUDA

Event Navigator Interview Ruda

D'Dieren ginn um 17h00 op! - Tickete ginn et fir 10€ am Virverkaf bei all de Memberen an op www.ruda.lu oder fir 15€ an der Oweskeess.


Links