Hüttengaudi Biekerich

D'Fanfare Concordia Biekerech invitéiert op eng weider Editioun vum Hüttengaudi mam DJ AL!


Eldoradio an d'Fanfare Concordia Biekerech invitéieren dëse Samschden, 17. Juni op eng weider Editioun vum ;

Hüttengaudi mat fräier Nuecht!

Fir Halli-Galli an déi beschte Party-Musek aus den 80er a 90er Jore suergt vun 21h00 un den DJ AL!

Nieft dem Grill an der traditioneller Bar ass déi speziell HUGOs-Bar e weideren Highlight vun deem gréisste Bal an der Gemeng!

Gratis Parkméiglechkeete ginn et ronderëm de Centre Culturel an am Duerfzentrum vu Biekerech. 

Lass geet et um 21h00 am Centre Culturel zu Biekerech - Tickete ginn et am Virverkaf fir 5€ op der Säit a bei de Membere vun der Fanfare Concordia Biekerech a fir 7€ an der Oweskeess!

Den DJ Al an den Organisateur ware bei eis am Studio an hun verroden, wat deen Owend alles geplangt ass.

Event Navigator Hüttengaudi ITV

Den DJ Al zesummen mam Organisateur

Links