Seefekeschtenrennen 2017

"The Open End's" an Eldoradio invitéieren dëse Sonndeg op déi eischt Editioun vum Seefekëschterennen zu Réiser!


Eldoradio an The Open End's a.s.b.l. presentéiert dëse Sonnden, 18. Juni déi éischten Editioun vum Seefekëschtenrennen.

Hei kritt dir d'Méiglechkeet är eege Seefekëscht ze bauen, un de Start ze goen, Iech mat der Konkurrenz ze moossen an är kreativ Seefekëscht den Zuschauer ze presentéieren.

2 Kategorien - KIDS (bis 12 Joer) an OPEN (vun 13 Joer un) - suerge vun 13h00 un fir Spannung a Spaass fir Grouss a Kleng!

Nieft den opreegende Coursë vum Seefekëschterennen ass souwuel fir Iessen a Gedrénks, wei och fir flott Kanneranimatioun beschtens gesuergt!

Gratis Parkméiglechkeeten am Ëmkrees vun der 200 Meter laanger Pist:

  • Parking bei der Maison Relais zu Réiser
  • Parking hannert der Gemeng
  • Parking bei der Schoul zu Crauthem

Kommt laanscht, feiert d'Participante mat hire Seefekëschten un an erlieft e flotten Dag zu Réiser! Lass geet et um 11h00 - mat fräiem Entrée!

Den Organisateur Wayne Stoffel war bei ons zu Besuch an huet eis de Prinzip vun der Course erkläert.

Event Navigator Seefekeschtenrennen ITV

Den Organisatiounscomité vum Seefëkëschtenrennen

Links