Food For Your Senses 2017

Vum 4. bis de 6. August kënnt de Food For Your Senses Festival op de Kierchbierg...

De Weekend vum 4. bis de 6. August kënnt de Food For Your Senses Festival zréck op Lëtzebuerg. Hei erwaarden Iech insgesamt 80 Shows op 4 verschiddene Bühne.

Et erwaarden Iech Headliner wéi zum Beispill :

- AnnenMayKantereit
- Goat
- De Läb & Orchästra
- Alice Merton

Den Organisateuren ass et beim Thema Musek besonnesch wichteg, e Mix vu verschiddene Stiler a Museksrichtungen ze bidden. Hei triede souwuel bekannt Artisten, wéi och Newcomeren op. Egal op Museker aus Lëtzebuerg oder International, vir Diversitéit ass gesuergt ginn.

Nieft dem ganze musikaleschen Deel vum Food For Your Senses Festival, kënnt dir iech och nach Konscht-Ausstellungen vun 20 Kënschtler ukucken, u sëllechen Workshops deelhuelen, um Maart Produite vu Kënschtler kafen oder iech am "Food Explorer Tent" kulinaresch verwinne loossen!



Zu engem Festival gehéiert natierlech och e Camping. Dësen ass am Ticket-Präis mat dobäi. De FFYS léist Iech hei tëscht zwee verschidde Sitë wielen. Et gëtt ee Camping, dee méi roueg soll ugehaucht sinn. Leit, déi bis an d'Nuecht era Party wëlle maachen, kréien en extra Camping zur Verfügung gestallt. Sou solle keng Streidereien oder Stéierungen optrieden.


De Luca Heinrichs war bei ons am Studio an huet eis verroden, wou ee mat der Organisatioun aktuell drun ass.
Event Navigator ITV FFYS


Ticketen ginn et fir 75€ (+VVK-Gebühren) am Virverkaf ze kaafen.



Links