13. Nuit des Légendes

Muer den Owend ass am a ronderëm d'Schlass zu Esch-Sauer déi 13. Editioun vun der "Nuit des Légendes"!

Loosst iech muer den Owend vu 17h00 un zu Esch-Sauer vun enge sëllechen Opféierunge begeeschteren a verzauberen:

  • Märechers-Erzieler
  • Zauberer
  • Feierspektakelen
  • Museker
  • Dänzer
  • ...

D'Entrée fir déi verschidde Spektakelen am Duerf ass fräi. D'Virstellungen am Schlass fänken um 18h45 un - den Entrée fir dës Virstellungen kascht 12€ a fir Kanner ënnert 12 Joer ass en gratis!

Verpasst op kee Fall d'Nuit des Légendes, muer den Owend zu Esch-Sauer mat Animatioun fir Grouss a Kleng a groussem Freedefeier um 0h00!

(D'Gewënner ginn bis e Freideg kontaktéiert)

Gilles Kinzelé vun der Legendennuecht

Event Navigator Nuit des Legendes ITV



Links