20 Joer Open Air zu Housen

Dëse Freideg a Samschdeg feiert déi gréissten Open Air Party am Norden hiren 20. Gebuertsdag!

Dëse Weekend gëtt 2 Deeg laang zu Housen op der Héi gefeiert!

Freides vun 21h00 un mat de beschte Beats vun:
  • DJ NOSI
  • DJ TASSO & MITCH
  • HOUSEAHOLICS

Samschdes vun 21h00 stinn hannert dem Mëschpult:
  • DJ VDG
  • DIAMONDS
  • DJ DEE

Déi 2 Deeg versuergen iech verschidde Foodtruck mat guddem Iessen op Rieder!

Tickete ginn et fir 6€ zu Housen um Camping des Ardennes, beim Electro-Nord, am Pizza Mondo an am Café Gymnase zu Dikrech! Oder bei de Membere vun der FOAH an der Jeunesse van Husen! An fir 10€ an der Oweskeess!

De Latenightbus bréngt iech secher op den Open Air an erëm heem! Kuckt iech hei de genaue Fuer-Plang un!

Spillt mat a gewannt eng Koppel Tix! 
(D'Gewënner ginn bis en Donneschdeg kontaktéiert)

Jacques Weber, Jeff Krux a Roland Heinen vun der FOAH

Event Navigator Open-Air ITV 1

Event Navigator Open-Air ITV 2





Links