Stock Car & Auto Cross

Spektakulär Dueller an Iwwerschléi erwaarden iech dëse Sonndeg um Stock Car zu Helléng!

"Les Diables Rouges Dudelange" invitéieren dëse Sonndeg Mëtteg op de Stock Car an op d'Auto Cross Show zu Helléng, well déi lëtzebuergesch Meeschterschaft start an den 2. Laf eran!

Fir Spannung a Spaass ass de ganze Mëtteg garantéiert:

Spektakulär Dueller, Rennmanöver an Iwwerschléi

1. Départ ass um 14h00!

D'Entrée ass 10€ (mat 2€ Consommatiounsbong) a Kanner bis 12 Joer si fräi! Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt!
Parkméiglechkeete ginn et zu Helléng op der Haaptstrooss mat gratis Navette op de Site vum Autocross.

Loosst iech dësen Event net entgoen a kommt dëse Sonndeg de spektakuläersten Automobilsport ënnerstëtzen an ufeieren!

André & Monique

Event Navigator Stock Car ITV


Links