Eastcoast Festival zu Mertert

Dëse Freideg ass zu Mäertert déi 5. Editioun vum alljähregen Eastcoast Festival! Let there be Rock!

D'Gemeng Mäertert invitéiert op déi 5. Editioun vum "Eastcoast Festival" - E Festival mat fräiem Entrée a mat ville musikaleschen Highlights op 2 Bühnen:

  • Thomas Godoj
  • Fox
  • Elysian Gates
  • Rust&Dust
  • Räpzodi
  • Dr. Gonzo

Lass geet et dëse Freideg um 17h00 mat Afterwork Party um neie Parking am Agang vu Mäertert!

Loosst iech äre Cocktail an der chilleger Loungebar schmaachen a genéisst d'Iessen vun verschiddenen Food Trucks am Food Village!

Parkméiglechkeete ginn et beim Akafszentrum Copal mat gratis Navetten op de Festival-Site! Profitéiert och vun de Latenightbusser déi an der ganzer Régioun fueren!

Verpasst also op kee Fall den "Eastcoast Festival" dëse Freideg Owend zu Mäertert!

De Luc Majerus war beim Wulli am Studio fir nach weider Infoe unzeschwätzen fir dass dir wësst wat iech erwaart.
Lauschtert hei nacheemol deen ganzen Interview:

Event Navigator Eastcoast Festival ITV 1

Event Navigator Eastcoast Festival ITV 2

De Luc Majerus - Organisateur vum Eastcoast Festival

Links