Open Air Kino am Haff vum Iechternacher Lycée!

Vum 21. bis den 29. Juli invitéiert de Ciné Sura op hier Film-Virstellungen am Open Air Cinema am Haff vum Iechternacher Lycée!

Vum 21. bis den 29. Juli presentéiert iech de Ciné Sura am Haff vum Iechternacher Lycée erëm den

Open Air Cinema

Um 19h30 ginn d'Dieren vum Haff op a vun 21h15 un gëtt dann all Owend en anere Film an däitscher Versioun op enger riseger Leinwand gespillt.

Fir d'Waardezäit ze verkierze ginn et eng sëllechen Iess- a Gedrénksstänn. Selbstverständlech ass och fir Kino-Food gesuergt, sou dass dem perfekte Filmowend näischt méi am Wee steet.

21.07. - Pirates of the Carribean 5 - Salazars Rache
22.07. - Ich - Einfach unverbesserlich 3
23.07. - Die Mumie
24.07. - Baywatch
25.07. - Spider-Man: Homecoming
26.07. - Transformers 5
27.07. - Dunkirk
28.07. - Planet der Affen 3
29.07. - Ich - Einfach unverbesserlich 3

Tickete fir Erwuessener sinn 8€ a fir Studenten/Schüler 7€. Wann de Film méi laang wéi 124 Minutten dauert, gëtt e Supplément vun 1€ gefrot.

Reservéiert elo schonns är Plaze fir den Open Air Cinema zu Iechternach am Haff vum Lycée a kaaft iech ären Ticket online!

Parkméiglechkeete ginn et am Abteihaff an "A Kack".

Lauschtert hei nacheemol den ganzen Interview vum Donneschden Owend:

Event Navigator Open Air Kino 1

Event Navigator Open Air Kino 2


Michael Battenberg vum Ciné Sura


De kompletten "Open Air Cinema"-Programm fannt dir hei!




Links