Open Day um Scoutscamp Go|Urban um Kierchbierg!

D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten invitéieren den 23. Juli op den Open Day vum internationale Camp "Go|Urban" um Kierchbierg!

Am Kader vum internationale Scoutscamp "Go|Urban", dee vum 18. bis den 28 Juli um Kierchbierg ass, invitéieren d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten op d'Porte Ouverte!

Dëse Sonndeg vun 12h00 bis 18h00 mëscht de Camp mat ronn 4000 Participanten vu 6 bis 23 Joer aus der ganzer Welt seng Diere fir de Public op!

Kommt laascht an entdeckt de grousse Camp-Site matten an der Stad:

  • Vill Spiller an Ateliere fir Grouss a Kleng
  • Optrëtter vu Guiden a Scouten aus der ganzer Welt
  • Food Village
  • Camp-Bauerenhaff
  • Concerten
  • Street Animatioun
  • BMX Optrëtt vum Weltmeeschter Viki Gomez
Mat gratis Navetten vun der Stader Gare, dem P&R Bouillon an dem P&R Lux-Sud.

Den Donneschden Owend waren 2 vun den Camp Bewunerinnen beim Wulli am Studio:
Lauschtert hei den Interview mat hinnen:
Event Navigator Go Urban ITV

D'Jeia an d'Vanessa vun den Scouten um Go Urban Festival

Lauschtert hei de Reportage:






Links