24 Stonnen Vëlo Wëntger

Sidd dobäi wann den 28. an 29. Juli de "24 Stonnen Vëlo Wëntger" hiren 10 järege Jubiläum feiert!

Fräizäitsportler oder Profi, an enger Ekipp bis zu 12 Leit oder eleng - um "24 Stonnen Vëlo Wëntger" ass jidderee wëllkomm!

Zesumme mat Eldoradio gëtt vu Freides Owes 20h00 bis Samschdes Owes 20h00 zu Wëntger fir de gudden Zweck pedalléiert! Aschreiwe kënnt dir iech vun elo un oder Freides vu 15h00 un direkt op der Plaz!

Freides Owes mat groussem Opening-Tour um 19h00 mat Sponsoren, Prominenz, Famillen a jiddereen deen déi 3,3km laang Streck wëll testen. Um 20h00 fält dann de Startschoss vum "24 Stonnen Vëlo Wëntger" mam Romain Schneider a René Closter!
  • 24 Stonne Vëlo fir de gudden Zweck
  • Cool Live-Musek mat ënnert anerem dem Rol Girres, Jukebox a Fernand Neumann
  • Party mam DJ Paul an DJ AL
  • Frühshoppen
  • Spiller, Facepainting an e Sprangschlass fir Kanner
"24 Stonnen Vëlo Wëntger" - de 28. an 29. Juli mat gratis Entrée a Camping an Animatioun fir Grouss a Kleng! De ganze Programm vum "24 Stonne Vëlo Wëntger" fannt dir hei!
Carlo Weber vun der Organisatioun

Interview Event Navigator 24h Velo Wentger


Links